Ganz flott Foto!
Gefällt mer gudd, wann dei Rumm net sou giff steiren.
Se ass zwar gudd gema, passt och derzou, mee ënnen ass se sou deck an einfach ze domineirend. Dat Weißt an der Foto ënnen ass well staark an da kënnt och nach dei hell Rumm als rieseg Fläch derbei, d'Foto geht eigentlech e bessen enner.
Mee op däer aanerer Seit kann een och soen, d'ass ennen dat villt Weißt am Kontrast zur schwaarzer Plack an dem Lesekapp.
Mee dat just sou als "Kritik".
D'Foto gefällt mer awer ganz gudd, d'Rumm ass Nierwensaach an d'Foto wirr och ouni gudd!
Matt daer waisser Rumm wollt ech amfong just eng Polaroid Foto imitéiren: Hun deslescht am Netz esou een Programm fonnt wou een seng fotoen zu Polaroid emwandelen kann.(Daat gin zum deel ganz witzeg effekter) Hun daat och matt deser gemaach an duerno nach eng keier duerch de Lightroom gezunn.
JO, also d'Rumm geseit gudd aus, allerdings ass et net dat Format wat deemols eng Polaroid hat, wann ech mech richteg erënneren.
Dei woren mei breed, vun dohier kënnt et net sou riwwer datt et soll eng Polaroid imiteiren. Mee natierlech erkennt een et awer, d'ass et soll sou sen.