ech fannen verschidden Detailler gutt;
an och déi Bildkompositioun (1. Foto), bis op déi 2 kleng Fotoen am rietsen Deel vun der Bildkompositioun (well fir mech: déi mussen nët do sin);
an ët gefällt mir och ganz gutt dass ët nët déi typesch Hieschtfaarwen sin
Muss mech dem Jade uschleissen, fannen d'Serie effektiv ganz flott, och d'Spigelung an de Biller 2 an 3.
Jhust dei 2 kleng Fotoen am Bild 1 steieren fir mech e bessi
Déi zwou Fotoen uewen riets déi an der grousser Foto dragepäscht sin hätte net misse sin fir mäi Geschmack. Besonneg well déi lenks baal d'selwescht ausgesäit wéi déi grouss, ausser daats de méi enk geschnidden hues.
Fannen ech eng ganz flott Serie, rechtzäiteg fir den Hierschtufank! Flott Faarwen, Spiggelungen an Detailer.
Allerdings fannen ech och dass am Collage déi 2 kleng Fotoen riets e bessen stéieren. Vläicht wier en Collage an esou enger Fotoserie jo mol net néidesch?
Eng ganz flott Serie mat flotten faarwen an flotten Spigelungen.
D'Collage fannen ech ganz flott, mee passt net an dei Serie.Dei wier villäicht besser zuer Geltung komm wanns du se separat gepost häss.
Sou oder sou mier gefällt dei Serie.