Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Midnight in Arctica

 
Midnight in Arctica
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.09.2009
  • Gekuckt:
    25801
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1072
  • Späicherplaz:
    306 KB
  • Originaldatum:
    2009:09:07 00:07:13
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 450D
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:
Mutz Hännchen an eng Deck Jacket!

Fir anzesetzen: [pg_img=39138]
Kommentar vum Fotograf:
Dess Foto ass an der Metternuechtssonn an der Arktis geholl gin an der Géidend vum Eqip Sermia-Gletscher deen vum Inlandäis rof direkt an Mier mënnt ( 69° 47' N und 50° 15W).

Stemmung em dess Zäit (géint Meternuecht !) ass fantastech, alles kritt en besonneg Faarw, virunallem d'Eis kritt em dess Zäit sou Blotéin, déi een leider op der Foto net sou richteg riwwer kritt, daat muss een schons live gesinn :)

Deen doten Eisbierg wärt eng 25-30 Meter héigh gewiecht sin, am Viedergronn gesäit een jo puer Méiwen iwwert Mier segelen sou dass een sech Gréisst vun desen Bierger kann ausmolen!
Neckel 07.09.2009 - 20:45
Wow ! Wat eng schéin Landschaft. Ech well dohinn ! Lo ! Direkt !! smile Ech fannen awer dass de ennen en bessen zevill Waasser op d'Bild gelooss hues, vleicht 1 cm manner. Mee soss gefällt se. Flott struktur am Himmel, genau sou d'Reflexioun vum Bierg. D 'Silhouetten vun aneren Eisbierger am Hannergrond gin der Foto nach mei Deift. Fier mech eng super StemmungsFoto.
romor 09.09.2009 - 09:24
Merci Neckel!
Jean-Jos 07.09.2009 - 21:39
Déi soft Faarwen si super.
Flott Déift am Bild! Gefällt richtég gutt!
Kwitchibo 08.09.2009 - 00:36
Sin dei Fielecher esou kleng? oder daat Eis esou grous??? aahh elo hun ech gelies!!smile
krass 25-30m!! WOW

do muss ech och hin!!!

Flott daat merci fir deng Foto!
Jeanny 08.09.2009 - 06:21
eng super Foto
romor 09.09.2009 - 09:25
Merci Jeanny smile
JohnJ 08.09.2009 - 09:22
Ganz Flott Foto., gut emgesaat mat den Lichtverhälltnisser...
gefällt mer ganz gutt, probeier eng Keier een Panorama Schnett.... w.e.g. geif se och gären eng Keier esou gesinn :o))

romor 09.09.2009 - 09:47
effektiv gutt idee mol kucke wat dat gett
kruemelatease 13.09.2009 - 11:04
Lo hat ech dës Foto jo baal verpasst ...
Ganz schéi Stëmmung agefaang. Effektiv, déi Denger si jo voll fett smile

Bestëmmt schons ee mega Erliewniss!
mischii 11.06.2010 - 16:35
Herrlech déi Stëmmung do.
Mir konnten d'Mëtteruechtssonn zwar nët erliewen, dofir awer die éischt polarliichter!
romor 12.06.2010 - 08:50
...polarliichter well ech och nach eng Kéier gesinn - iergendwou an Norwegen - daat ass bestemmt mega spektakulär

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 529 Gäscht online