Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kierchbierg Six

 
Kierchbierg Six
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (05.09.2009). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.09.2009
  • Gekuckt:
    33260
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    4sek
  • Blend:
    f18
  • Brennwäit:
    15 mm
  • ISO:
    2000
  • Blëtz:
    Nee
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    700x1054
  • Späicherplaz:
    390 KB
  • Originaldatum:
    02.09.2009
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Sigma 12-24mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=39071]
Kommentar vum Fotograf:
Hun Owes nom Sonnenennergang bessen bei der Philharmonie photographeiert.
Hat leider den ISO bei 2000 vergiess.
Mika 05.09.2009 - 00:54
Ui! Ech fannen di do richteg béis, di Färwen sinn einfach super, genau wei de Cadrage! Daat eenzegt, waat mir lo nitt sou immens gefällt ass de Buedem hei vir, mee nujee, daat wäert alt Affaire de Goût sinn closed_eye
Keup 05.09.2009 - 11:10
TY Mika,

Hmmmm den Buedem fiir misst ech na emol iwwerkucken. Schaffen grad un enger BW Versioun an do kucken ech fir daess den Buedem bessen besser wierkt.



Mika 05.09.2009 - 11:48
Ech si gespaant smile
Keup 05.09.2009 - 13:03
Muer oder den Owend mol kucken.
Neckel 05.09.2009 - 01:25
Wei well gesoot, wierklesch super flott Faarwen ! Wat deng 2000 ISO ugeet, fannen dei net verkeiert, sou hues de en bessen Grain am Himmel, an dat passt ganz gutt.
Keup 05.09.2009 - 11:07
Merci Neckel. Ass na zimmlech ok fir Iso2000 mee 200 liwwert awer mei Detailler an Kontraster geif ech soen.

Tjo passen next Keier besser op.

JADE 05.09.2009 - 01:29
ganz schéin ... Faarwen, Cadrage ... an och den Buedem passt (fannen ech)
Keup 05.09.2009 - 11:04
Merci JADE. closed_eye
arwa 05.09.2009 - 07:55
Här Kraus, ëch muss soën, dei as iech - mei wei gelongen,
an allen Hisiichten,
tendeieren aawer zur 1.ter Versioun !
Keup 05.09.2009 - 11:03
Merci arwa,
Freet mech daess se dier gefaellt. Hmmm dei eischt Versioun hun ech hei um Site bessen bleech fonnt mee wous mol net daess een dei na kann kucken. closed_eye
arwa 05.09.2009 - 11:59
as dach ënner der 2ter verlinkt !!
Keup 05.09.2009 - 12:04
Krass leiert een all Daag bei closed_eye))
arwa 05.09.2009 - 12:08
eierlech gesoot war ëch och iwwerrascht smile
Keup 05.09.2009 - 12:18
Tjo hei bleiwt neicht onendeckt. Mier brauchen eben bessen mei laang. closed_eye
Mochel 05.09.2009 - 15:55
Gebeier gefaalen mer hei ganz goud. Den Buedem leider net esou irgendwei ze staark betount fannen ech. ewer trotzdem goud
Keup 05.09.2009 - 16:26
Merci Mochel. closed_eye
LP 05.09.2009 - 16:29
ganz stark dei dooten
de cadrage gefällt mer hei immens gudd, daat eenzegt waat besn komesch ass as uwen daat schwarz fannen daat passt net sou
Keup 05.09.2009 - 17:36
TY LP. Jo bei mir hei um Mac an net Komprimeiert ass daat schwaarzt na bessen degrafeiert.
marker 05.09.2009 - 17:29
ganz staark Faarwen an super cadréiert
schéine Bildopbau mat déem Gelänner an der Diagonal. déen de Bleck an d'Bild dirigéiert..
Gefällt mir exzellent
Keup 05.09.2009 - 17:34
Merci marker. Hun laang gebraucht bis ech deen Cadrage do fonnt hun an sin frouh daess en gelong ass.
Kwitchibo 05.09.2009 - 20:42
fir mech dei B/W ganz kloer besser!

an Phila kippt zevill !

mBG
Keup 06.09.2009 - 02:10
merci kwitchibo
Jeanny 06.09.2009 - 07:58
Faarweg gefällt si mir vill besser, eng herrlech Foto
Keup 06.09.2009 - 12:37
Merci Jeanny Freet mech.
Paukl 06.09.2009 - 13:28
sin mer bei deser nach net esou schlesseg ob se mer super gefällt oder awer en Tick zevill obgedroen ass. Waat mer wirklech super gefällt ass den Himmel an den Reflex an de Gebeier....Beim Buedem fannen ech den Effekt zevill. Cadrage ass hei awer mega lecker.
Keup 06.09.2009 - 21:17
Merci Paukl. Ech verstinn an respekteieren waats de sees. Vill Saachen sin mir och reicht mei speit opgefall. Oft setzen ech Fotoen och ze freih hei drop am Plaatz bessen rouen ze loossen an dann na emol driwwer ze kucken.
Jean-Jos 06.09.2009 - 21:19
Staarkt Bild, dat och durech séng iwwerspëtzte Faarwe liewt.
Mir gefällt et!
Keup 06.09.2009 - 21:21
Ty Jean-Jos, freet mech daess se dir gefaellt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 542 Gäscht online