eng Foto aus engem buddhistesche Klouschter am Ladakh... sie waren am gaangen d'grouss Botz ze maachen...
ech hun nach e puer Fotoen op menger Homepage.. http://www.spako.lu
Also ech wuar mer elo mol dei aaner op denger HP unkuken, ann sin schweier beandrockt... sin wierklech e puer gaaanz cool Saachen dobei... Also wierklech dowärt kuken ze goen ...
Muss awer eng Keier mam Shanti dohinn :o)
Majo, den Nepal steht jo mol erem fest um Programm. Entweder November/Dezember oder Februar. Et gief mech freen mol eng Kéier Gesellschaft ze hun op mengen Touren...
Daat war den beschten Choix deens du konns machen, fir em des Zeit dohin ze goen. Deng Portraiten gefaalen mir ganz gudd an hun mech ugereegt mir och mol erem meng Fotoen aus dem Ladakh unzekucken, an do kommen flott Erennerungen erop. Bas du dann elo och vun der faarweger Meck gepickt gin, déi dech ab elo an keen aanert Land méi zitt? Bei mir war no menger eischter Rees an Indien secher dass ech soss néierens méi gief goen an Zukunft.
Ech war 4 Deeg zu Delhi, dun eng Woch am Ladakh ( wou mer super gefall huet) an nach 11 Deeg am Rajasthan wou nees eng komplett aaner Welt war. Et huet mer immens gudd gefall aawer et war och ustrengend well souvill Leit an onrouh do ass... Lo muss ech mech mol eehuelen aawer ech bedaueren et net dowiersvht ze sin a secher maachen ech och an Zukunft na sou Reesen
Jo, allerdings. Indien ass eppes wéi een Ameisenkoup (ausser am Himalaya). Do ass et just d'Sach, "entweder man liebt es oder man hasst es". Et ass awer och Tapfer vun dir et 4 Deeg zu Delhi ausgehalen ze hun.
Also wei ech um Enn vum Rajasthan nees zu Delhi ukomm sin hun ech et do ganz soft empfonn do gett et jo schon richteg Stroossen an et sin keng Kameiler an Schwein op der Stroos ennerwee dei de Verkeierschaos nach verschlemmeren