Fotograf:
Eropgelueden: 03.09.2009
Gekuckt: 32981
Favoriten: 0
Kommentarer: 9
Beliichtungszäit: 1/click
Blend: f/ronn
Brennwäit: +/-35mm
ISO: 400
Blëtz: ëm Gottes Wëllen!
Beliichtung: aleatoresch
Gréisst: 737x800
Späicherplaz: 395 KB
Originaldatum:
Fotoapparat: Focus free 35mm
Programm: automatesch
Objektiv: ???
Kommentar vum Fotograf:
Hei gesidd dir dee "Fotoapparat", mat deem di Fotoen "Train Stories", déi dir elo an der s/w Serie konnt gesin, gemaach goufen. Den antoine_spautz huet deen Apparat "nicoleica aus China" genannt. Ob en dat elo ironesch oder seriö gemengt huet, dat kann ech elo net genee wëssen.... ;-)
Eppes steet fest: Et kann een domadder op alle Fall onprävisibel Akzenter setzen...
Well se ass net nëmme focus free, mais och nach aperture/shutter free, well d'Beliichtung ass esou aleatoresch wi een et nëmme kréie kann. Sou kann ee bei Daagesliicht, wou een bei ISO 100 mat Blend 11 oder 16 richteg beliichte Biller maache kann, mat dëse Këscht hei bei 400 ISO eng total schwarz Opnahm kréien, oder hoffnungslos iwwerbeliicht. Einfach Geeeeniiiiaaaaaaaaal.... LOL
|
|
Neisten Benotzer:
JaviAm Ganzen:
3725 keen Benotzer an
512 Gäscht online