wou den @ suraki recht huet, huet e recht
apart dée Schied, déen sou an den Eck <<< géet !
gefällt mir och - sou - ganz gudd
dei Teinong as och - mei wei passend !
Immens flott Foto. Cadrage ass super an déi Bearbechtung get der Coque en ganz neit Gesiicht. Intressant, och mat den laangen Schieter fun den Poteauen!
Merci Zophie, ech hun mol ungefaangen op dei richteg Luucht ze waarden bis ech unfaenken mat Photoen maachen. Ech mengen daat huet mer an der laescht schon zu e puer gudd zimmlech gudden Fotoen (an mengen Aan) verhollef.
hehe, gudd! am beschten gefaellt mer d'teinung well se thematesch sou gudd passt. d'vignette as mer vlaicht en ganz e bessen ze staark mee et steiert awer net. waat mech e bessen wonnert as dass d'coque e bessen ze kippen schengt. lait wuel um objektiv mee et as e witzegen effekt vierun allem well op der rietser sait naischt steet waat an dei aaner richtung kippt.
nee sorry, hun net gemengt dass se net riicht wier oder dass du misst eppes drun maachen mee deen effekt mam extremen waitwenkel plus dei form vun der coque gesait zimmlech cool aus. wees net genau wei ech daat soll erklaeren.
wann ech gesin waat 14mm am 1:1 zum crop-sensor machen, och wann ech meng d90 secher nach net ausreitzen, kribbelt et mech alleng aus "brennweitteschnechen"-grenn eng d700 ze kaafen !
Hat ech mir och geduet. War och deck zefridden mat menger D300 am Fong. Hat se belleg an der Staadt gesin an konnt net widderstoen 1750 Euro nei an fir D3oo krut ech jo och na eppes erem.