Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Streetboarder vs Helicopter

 
Streetboarder vs Helicopter
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.08.2009
  • Gekuckt:
    119200
  • Favoriten:
    15 (Wen?)
  • Kommentarer:
    60
  • Beliichtungszäit:
    1/1250
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    no
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    530x800
  • Späicherplaz:
    236 KB
  • Originaldatum:
    15/08/09
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
    17-50
Kategorie: Bewegung »» Sport
2. Kategorie: Events »» Demonstratiounen
Extras:
Thx to Gotthard Pilsner and the Helicopter Pilote and the X-Beach 09 organisation !
Big up!!

Fir anzesetzen: [pg_img=38726]
Kommentar vum Fotograf:
Et huet net oft Chance een vun den Weltbeschten Streetboarder/Snakeboarder mat enger Quarter en + een Helicopter op enger keier zesummen ze hun !!ech hun missen laafen fir Objektiv ze wiesslen mee ech mengen et huet sech gelount oder??

an se as net gecropt ech cropen baal nie nemmen wann ech net richteg cadreiert hun!
MarcGerard 21.08.2009 - 11:32

absolut! och déi sträif uewen lénks an déi ofgeschnidde leit !
einfach wonnerbar kwitch!
Kwitchibo 21.08.2009 - 11:33
smile))
Gaga 21.08.2009 - 11:36
top foto !

super !

schuet dat se ennen sou geschnidden as, mais bei deenen emstännbigsmile !

super farwen iwregens !
Keup 21.08.2009 - 11:37
Geil Teinung an den richtegen Moment erwescht.
Kwitchibo 21.08.2009 - 17:20
Messi
Jefferson 21.08.2009 - 11:45
Jop foto ass sau rau
an farwen gefaale mer och deck gudd

cheers
Kwitchibo 21.08.2009 - 17:20
Thx dude merci fir den Stuhl closed_eye
Pelz 21.08.2009 - 11:58
Beis gäil dei doten! Respekt dude!
Kwitchibo 21.08.2009 - 17:21
Kabooom closed_eye merci
Kleent 21.08.2009 - 12:40
Boah du Sau bigsmile
Mega Foto smile
Kwitchibo 21.08.2009 - 17:21
Quikquik grunz grunz closed_eye merci
Miau 21.08.2009 - 12:43
s...gudd
Kwitchibo 21.08.2009 - 17:21
M.....closed_eye
OK-Photography 21.08.2009 - 12:59
B O A H bigsmile
mengn do stemmt alles!dei Rai Kätonguep ennen as dKiischt um Kuch, apsolut gelongen! bigsmile
Kwitchibo 21.08.2009 - 17:21
Niamniam
No_Saint 21.08.2009 - 12:59
Excellent.
Dën Heli huet awer munchereen vum Sujet ofgelenkt, just Du haas Alles am Focus. closed_eye
Kwitchibo 21.08.2009 - 17:22
bigsmile
Fruny 21.08.2009 - 15:06
bigsmile
Kwitchibo 22.08.2009 - 00:07
closed_eye
Poly 21.08.2009 - 17:56
wat well e méi einfach super
Kwitchibo 22.08.2009 - 00:07
ma eng besser Foto et get emmer mei an daat as guud esou
merci awer
mbg
donpoli 21.08.2009 - 18:03
Awesome!!! cool
rosch 21.08.2009 - 18:26
Stark, absolut super
Kwitchibo 22.08.2009 - 00:06
Dei richteg Leit op dem richtegem Moment zu gleicherzäit do ! smile
lindbergh 21.08.2009 - 19:14
eemoleg, super daat do
Kwitchibo 22.08.2009 - 00:05
thx a lot
rom 21.08.2009 - 21:28
Excellitchibo bigsmile
Kwitchibo 22.08.2009 - 00:04
Super dei do !villmols Merci
Maimonides 21.08.2009 - 21:55
Dat Kuult,
dat Waasserbloot,
an di Schréibs am Himmel,
sin am Fong geholl
glaat näischt wert
am Verglach mat deenen,
di, baal oofgeschnidden,
d'Guckelcher dréinen
fir deng schéin Foto ze gesin.
Kwitchibo 22.08.2009 - 00:08
Villmols merci freet mech wirklech wann se Dir gefällt!
Metalbambi 22.08.2009 - 00:17
Genialen Kadrage an geil Teinung!
Fannen eben just dei ugeschnidden Leit ennen maachen d'Foto extra, ouni wier se awer och beis.

Gudd Foto, net vill ze soen... closed_eye
Kwitchibo 22.08.2009 - 00:22
okidoki smile thx
EyE 22.08.2009 - 02:56
rau rau dat do !!! An saugud dass de gelaaf bas. Fett Aktion photo..

big up closed_eye
Kwitchibo 22.08.2009 - 11:45
Thx Dude!
klex 22.08.2009 - 15:24
Yeah D2H an action! smile Dofir ass den Apprat gemat!
Super gesin an erwescht! Fuarwen passen och.
Gesait ee jo net oft eppes vun där, mee wann dan ass et derwert smile
Kwitchibo 22.08.2009 - 15:47
Et soll een guud Saachen net ze oft maan closed_eye

Merci Lex vun Diddeleng

mbg

Marc
Johny 24.08.2009 - 00:04
Absolut verdingt smile
Kwitchibo 24.08.2009 - 01:30
smile
Gaga 24.08.2009 - 00:20
richteg, ganz verdingt !
Kwitchibo 24.08.2009 - 22:59
smile
Kwitchibo 24.08.2009 - 01:30
ohhh merci villmols all dei wou se gewielt hun sin wirklech frou doriwer well ech leider net emmer Zäit hun fir Fotoen ze maan wei ech et weilt an hei hat ech eben zäit smile an en eng Foto wou eben an mengen Aan speziel as smile

mercimerci !! smile
Keup 24.08.2009 - 09:50
Gratulatioun Kwitchibo.
Verdengt gewonn.
ezekiel 26.08.2009 - 17:04
jop, grats. as wierlech eng super Foto
Nicon07 24.08.2009 - 12:46
Congratulations!

Fir d'Lorbeeren, den Objektivwiësel an di Megareaktioun op déi zoufällech Begéignung.

Dat ass eng Weltfoto!!! Mach eppes draus! closed_eye
Kwitchibo 24.08.2009 - 22:58
Merci well ech dech als Persoun an als Fotograf wierklech schätzen freet et mech besonnesch dass se Dir gefält .

villmools Merci

mbG

Marc
rom 24.08.2009 - 13:39
Congrats!

Wéi den Nicon07 schon gesot huet.

Meng Stëmm has de. Eng super Foto!

Has de Zäit fir der e puer ze maan oder as daat déi eenzeg déi eraus komm as?
Kwitchibo 24.08.2009 - 22:56
hun da nach smile mee mengen dei hei as hart ze iwerbieden mmh mee weisen da nach eosu 2 vum Weekend !

smile
gloda 24.08.2009 - 13:41
Dynamik, Action an Atmosphär.
Detailer, Kontext a Reaktiounen.
Voilà, 6 Saachen déi mer bei der Foto besonneg gefalen. An den vs am Titel deet mech schmunzelen. Ërennert mech un Indestructo Tank.
Kwitchibo 24.08.2009 - 22:59
kennen ech leider net :S

googlen mol

merci
dr_kim_veis 24.08.2009 - 21:04
congrats!
Kwitchibo 24.08.2009 - 22:59
bigsmile
arwa 25.08.2009 - 12:11
a mengen Aaën - TOP-FOTO , Respekt !
Myk 04.07.2010 - 16:23
Immens schein Foto , en genoss fir meng Aaen...
Ech fannen do as wierklech alles Perfekt..
Do kann en schon richteg jalous gin smile
Kwitchibo 07.07.2010 - 10:21
Komm de Weekend elo op Dudelange on Wheels den Typ um Board as och do an vielleicht sprengt hien an een Heli as och grad do! et wees een nie!

9-11 July zu Diddeleng!smile
Myk 07.07.2010 - 13:00
Jo kloer kommen ech dohinner, als Diddelenger därf en do net fehlen smile
Kwitchibo 09.07.2010 - 00:35
smile
endorphine 03.10.2010 - 20:10
WOOOOW
Kwitchibo 03.10.2010 - 20:50
WOOW mercismile
Michelle 03.05.2011 - 19:13
super déi hei! dn faarwtoun gefällt mer ganz gudd.
Kwitchibo 03.05.2011 - 23:24
MESSI smile mir och smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 262 Gäscht online