hmmm...ech wees nët méi op wat ech do fokusséiert hun...
Mir kënnt allerdéngs elo den Hannergrond och nët richteg onscharf fir...den ass zimlech wäit eweg - ech fannen datt zB um Buedem hannen d'Geröll dach awer zimlech differenzéiert ass, oder nët ?
Ech gi jo dervun aus datt's du drop geklickt hues....
hei mol d'exif - mee dorun sollt et denken ech och nët léien...
Dat ass eng schéi Foto.
Wat mech awer e bëssen stéiert, dat sin d'Kontraster vum Schiet an dëm Buedem. Wann een dat Zebra-Motiv bis eng Kéier gesin huet, da geseit ee keng Landschaft méi.
An der Mëttes-stonn sin di Kontraster awer nun mol sou....
Richteg - ech war nun mol zu der Zäit do - an do 9 Stonnen op eng flott Owesluucht waarden war eben nët dran......obwuel se deen do Dag bestëmmt super gi wier....
Ech fannen zwar och datt de Schied d'Atmosphär vun do ennerstëtzt - dat ass nämlech wäit a breed deen eenzege Schied, den do ze fannen ass.....
wat ech komesch fannen dat ass mat f10, dat de Vierdergrond lenks net schaarf ass, ech ka mech ieren, mä kann et net un dengem un dengem objektiv leien, ausser da de bierg e bessen kippt, fannen ech se flott, zemols well en Gréissteverhältnis gesäit mat dem Pad ënnen, do wierkt de Bierg nach méi imposant
Nee, de Strauch do fir war gaaanz no - normal also datt deen onscharf ass , och bei f10.
Ech denken nët, datt hei iergendeppes um Objektiv läit - dat mecht soss ganz ordentlech seng Arbecht...
Dat mam kippen ass esou eng Saach - do spillt hei och d'Perspektiv nach mat - mee se wierkt liicht no rechts gedréint effektiv besser op d'Aan.
d'Mëttes-stonn as selten optimal fir an der Natur ze photographeieren, mais fir mech as et bei dengem Bild awer souguer vun Virdéel. Déi ganz Szenerie liewt durch d'Schieter vun den Zinnen, an en plus sin all Nuancen vun Grotéin vertrueden wâat nun 1x éen gudd s/w Bild ausmecht.
D'Geröll wirkt wéi éen Reflector, woudurch d'Nordwand mat opgehëllt get, an den Androk ensteht wéi wann d'Fielsen vun enger spezieller Patina iwwerzun wiren.
Gefällt mir exzellent..!!