Däin Titel huet mech gläich un de Stendhal erënnert, u säi Roman, wou en dem Julien séng Geschicht erzielt, awer domadder huet Foto näischt ze din...
D'Luucht vum Blëtz fannen ech e bëssen hard, dofir gefällt d'Bildkompositioun mir ëmsou besser. D'Struktur ass fir mech op den éischte Bléck befriemend bei dësem Sujet, wat awer nët schlëmm ass, wëll's de se mat Moderatioun agesaat hues.
dat ka gutt sin an ech gestin déi Vue och gäeren zou, awer mäin Ëmfannen ass eben dat wat ech beschriwwen hun, woubäi dem suraki séng zousätzlech Infos vill erkläeren,
wéi's de gesäis, hun ech och vill fir d'Foto iwwrég
merci Jean-Jos !
wéi ech en Titel gesicht hun, hun ech tatsächlech un den Roman "le rouge et le noir" geduet.
Du schreiws d' Geschicht hät neicht mat der Foto ze din, an dobéi geseis de den "Julien" wéi
hien amgangen as de Ballon anzepaken ??
zur Foto, .... et war wirklech immens schwéier well op deer Platz, d'Hand virun den Aen net gesinn huet, duech de Sucher war souwisou neicht dran !
De Blëtz, na ja .... et danzt én mat de Méedercher ....