Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

K-Mel

 
K-Mel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.02.2006
  • Gekuckt:
    23443
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    760x510
  • Späicherplaz:
    59 KB
  • Originaldatum:
    14.02.2006
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
RAW
Multiblitz

Fir anzesetzen: [pg_img=3732]
Kommentar vum Fotograf:
Hu mol nees eps neies äuprobéiert, an da wär ech natierlech emsou méi frou wann ech verschidden meenungen géif ze héieren kréien :)
celinou 14.02.2006 - 16:27
whoohooo... ganz intressant. mee perséinlech hätt et mir besser gefall, wann een d'An wéinstens besse géing gesin.
Vun der Farwen a vum Cadrage hier gefällt d'Foto mir déck gudd!
klex 14.02.2006 - 20:24
Haat daat och probéiert... huet mer sou am beschte gefall smile Merci smile
Mojoo 14.02.2006 - 16:27
Wow op den eischten Blëck gefällt mir deng Kréatioun immens gudd.

Ass jo beschtemmt esou gewollt dass een d'Aan guer net gesait, dofir ass et och an der Reih.
Den Hannergrond, Cadrage an d'Expressioun vum Model gefaale mer och super.
klex 14.02.2006 - 20:24
Merci smile Jo, wuar gewollt mat den Aan
celinou 14.02.2006 - 16:33
jo klor, dass et express gemach ass.
ech soen nemmen dass d'foto mir einfach besser gefall hätt wann een d'An déing gesinn...
affaire de goût smile
mmphotos 14.02.2006 - 16:44
as eng flott idee.Mee menger meenung no leeft et ze staark an d'schwartz.Et waer fleit besser gewiecht wann en degrade dogewicht waer. En plus fannen ech et net gudd dass ganz riets baal guer keng wann iwwerhaabt zeechnung dran as....reflektor haett fleit gehollef. Dierft ech wessen weis de den bletz gestallt haas?
klex 14.02.2006 - 20:26
Wou mängsde dat en dégradé mist sin, well lénks ass jo schliesslech een ?!?
Haat extra nach probéiert mat reflecter, wuar guer nemmi daat selwescht, resp huet mer guer net gefallm och wann méi zeechnung dra wuar closed_eye Ma de Bletz haat ech baal riicht vun uewen roof... Merci smile
Val 14.02.2006 - 17:26
Starkes Foto !
Hier kann man gut sehen was man mit RAW ( 16 bits ) alles tun kann : ich hätte das Foto auf eine grösse von 1500 X 1000 probiert dann kommt es noch viel besser zur geltung.

Dunkle fotos sind immer was besonderes !
klex 14.02.2006 - 20:28
Merci, jops, RAW ass schon epps flottes, och wann ech um eigentlechen RAW net allzevill geännert hun, de géissden deel ass am 16 bit Tiff gemaat!
Sircharles 14.02.2006 - 17:33
Uahhh den K-mel :D , ech et geseit meega beis äus , well smile
1 . ech läuschteren Hurra vun den ärzte an do wierkt dei foto nach mei beis smile
2. sie as bloo , ech hun daat un fotoen gären
3.d' aan gesiet een guer , an nach dei faal iwert den Apenhoer , richteg grugeleg ....
Seu daat as meng meenung dofunner smile maach domader waats de wells ;-)
klex 14.02.2006 - 20:29
Läuschteren och eppes waat gudd dabäi passt bigsmile zwar keng ärzte mee egal...
Mercimerci smile
Olivier 14.02.2006 - 18:35
uuhhhhh.... fannen se wierklech schein...nja... fannen eischter en mix zwechen blo, an metallique... mir geif se och gudd gefaalen, wann en den kapp bessen mei no fier gebeckt hätt, an dann sou roosen an d'camera geing gucken... an mat engem hämeschen grinsen drop...
klex 14.02.2006 - 20:31
Jop, mat nach méi béisem kucken wär och fläit flott gin, mee da kennt de problem dats de nach vill méi staark schieter kriss, da gett et schnell zevill! Merci smile
benem 14.02.2006 - 19:06
wow bigsmile
Hun op den éischten Bleck gemengt, daat do wier eng Reklam fir Adidas oder sou. Top!
Wéi hues du déi Foto sou hikritt?
klex 14.02.2006 - 20:33
Merci smile Ma vun uewen eroof gebletzt hun ech, du gesäis jo wou de Schied hifällt...
Den hannergrond ass d'Dier vum Lift, blénkt mi schéi metallesch wi eng Leinwand! Daat wuar et schon.
scoty 14.02.2006 - 19:15
ganz flott hinkritt
mee där fotoen ginn et awer masseg
klex 14.02.2006 - 20:34
An d'gi bestemmt nach méi Fotoen vu Sonnenennergäng... trotzdem gin der emmer rem gemaat!
NoHa 14.02.2006 - 20:13
as richteg bad smile hrhr
mech steiert den schied en bessi ennert dem kapp..wees net op schon een daat soot.. soss awa wi emer eng top foto vun dir smile
klex 14.02.2006 - 20:35
Jop, hues rescht, mee wosst net wéi ech deen sollt ewäschkréien ouni de räscht och ze veränneren...hmm :S
Merci smile
mi-ma-maika 14.02.2006 - 20:27
Ich bin gekommen dich zu holen...den ganzen langen Weg aus der Unterwelt...naja okay, as su bessi krass awer vum Effekt hier...wees net op ech nach wäert kënne roueg schloofen...erennert liicht un en Dementor, mengen déi hun och keng Aan...cool
klex 14.02.2006 - 20:38
Hehe bigsmile Dobäi ass et eintlech e ganz feinen kärel deen emmer laacht! Mee bon, haut wuar ebe Valentinsdaag, do wuar hien net allzegudd drop an...naja...hun ech e mol engkéier aanescht oofgeliicht smile
scoty 14.02.2006 - 21:09
daat mat den Sonnenennergäng ass keen Verglach
ech schwätzen vu nden schierter an dem ausdroch an dem Ausschnett
klex 15.02.2006 - 17:58
Natierlech ass daat e Verglach! An daat ännert trotzdem näischt un déngem immens hellefräichen a konstruktiven kommentar! Dat ech net deen éichten sin deen eng Foto gemaat huet wou en ähnleche stil huet bräuchs de mer net ze soen... ech kucken och e besse rondrem mech! Dat ech eben sou eng maachen ass fir MECH eng première. Wanns du just Fotoen wells maachen déi a känger hinsicht ähnlech mat iergentwelchen Fotoen vu iergentemgem aaneren sin, ma da vill gléck closed_eye
No_Saint 14.02.2006 - 21:13
Erstaunlëch wéi een alleng duerch d'Setzen vun der Beliichtung aus engem feine Kärel a "Bad Guy" ka maachen.Duerch dée starken hell-daichter Kontrast wierkt de Personnage wéi gemeesselt an doduerch immens präsent. Duerch dé staile Liichtwënkel gët Struktur vun der Haut och daitlech betount, waat bei engem méi aalem Gesiicht sëcherlëch nach méi graff ging wierken.Gudd gefaale mër och déi désatureiert kaal Farwen.
Dat eenzëgt waat mëch beim Bad Guy stéiert ass sain Softis Hiemchen.
klex 15.02.2006 - 18:04
Hehe, taatasch, scho richteg daat mam hiemchen... d'wuar sou eng baby-blo, hun se awer nach deelweis eräusgeholl, daat et net graad suvill opfällt closed_eye
Merci smile
dawnii 15.02.2006 - 07:46
Tenial, Beliichtung, Schieter, Faarwen, as richteg beis.

D'Softis Hiemchen, wei den No_Saint seet, jop daat fannen ech och witzeg smile stellen mir den Terminator an engem Rollkollpullover lo fier..

Mee trotzdem immens.
klex 15.02.2006 - 18:06
Merci smile
Jo, den Terminator (Arni) hätt och bestemmt flott kanteg gesiichtszig fir deen do genre vu Fotoen, ass just net emmer su eifach en firun d'Kamera ze kréien smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 440 Gäscht online