Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Falaise d'Aval illuminée

 
Falaise d'Aval illuminée
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.06.2009
  • Gekuckt:
    30690
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    20 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.0 EV
  • Gréisst:
    1100x615
  • Späicherplaz:
    524 KB
  • Originaldatum:
    2009:06:02 23:05:42
  • Fotoapparat:
    NIKON / Digital
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    17-55
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ / Handbeliichtungsmiesser, déen ech praktesch bei all mengen Nuetsopnahmen asetzen

Fir anzesetzen: [pg_img=37284]
Kommentar vum Fotograf:
Owes no 11Auer zu Etrétat op der Plage. D'Mier war a
Wirkelegkéet vill méi daischter, praktesch ganz schwarz, mais durch déi lang Belichtungszait kënnt et op der Foto elo schéin durchgezéechent, wâat den Gesamtandrock vum Bild hei énorm verstärkt.
y_breuer 21.06.2009 - 13:56
Super Faarwen...Ech fannen den Kontrats einfach genial.
Ech hätt just d'Falaise ee bessi mei no erun geholl.
Me soss ass se tip top.
marker 21.06.2009 - 14:04
Si frou wann se dir gefällt.
Méi no erun geholl wolt ech net, main Ziel war et déi Wollekenfatzen riets am Bild onbedingt mat drop ze kréien.
Merci bien..!!
arwa 22.06.2009 - 17:29
silwuplä

Etretat
Neckel 21.06.2009 - 13:57
Schéin beliischt dat Ganzt ! Einfach schéin ze kucken.
marker 21.06.2009 - 14:04
Merci villmols Neckel
galileo 21.06.2009 - 18:46
Flott esou ! D'Faarwen sin immens.
marker 22.06.2009 - 22:14
Villmlos Merci fir dain Comment. Jo, sin selwer iwwerascht iwwer d'Faarwen, ech mengen dat ass awer déen digitalen Sensor.
Virun engem Joer hun ech op där selwechter Plaatz nach Diaen op Kodachrome 64 gemach, wou allerdings eng ganz aner Stëmmung vermëttelen.
Poly 21.06.2009 - 19:17
also do kann ech nëmmen staunen, de selwecht Faarwen lenks am Fiels an op der Plage wéi riets am Himmel, dat blot vum Mir a vum Himmel superbe smile
marker 22.06.2009 - 22:17
Jo, ganz gutt gesinn.
Merci beaucoup Poly
arwa 22.06.2009 - 17:30
ech mengen, ëch muss mol rem dohinner
firun allem an dée Resto<<<< lenks niewt der Falaise closed_eye

flott mat déene Wolleken
hätt se trotzdem riicht gesaat dh. sie kippt no riets !
(meng iwwregens och closed_eye . . )
marker 22.06.2009 - 22:08
Ahhhh jo, awer op der 1er étage wou's de op d'Mier gesais an dann déi herrlech crustacés an eng Fläsch Muscadet closed_eye

Muss soen deng Foto gefällt mir och ganz gudd, a wann ech se rop oder rof schieben an d'Mier mam Bord vum Ecran glaichzeihen sin eis Biller allenzwée riiicht.
Ech mengen daat mam Kippen ass eng Täuschung bigsmile
arwa 23.06.2009 - 07:25
née, kuck mol dei Streifen um Fiels, dei missten am Fong riicht sin !!
marker 23.06.2009 - 11:34
Oukay, esou betruecht hues de Recht. Daat ass vum Standpunt aus wou ech meng Foto gemach hun awer net méigeleg, soss wier den Horizont kromm gin.
Ass awer éen gudden Hinweis a passen déi naechste Kéier dorop op.
Merci
arwa 23.06.2009 - 13:32
gär geschidd

ech iwwregens och smile
Jeanny 23.06.2009 - 05:56
eng wonnerschei Foto, en herrlecht Liicht
marker 23.06.2009 - 11:35
Ma, Merci bien.. Jeanny

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 482 Gäscht online