Dat do erënnert un di gëllen Zäit, wi an deem Hotel séch d'Leit verwinne gelooss hun. Dofir kann ech mir di Téinung egal wéi awer dobäi viirstellen. A virwat soll dat "elle" sin, et gefällt net jidderengem, un point c'est tout. Mais ellen, sou wäit géif ech net goen. Ongewinnt, jo, well ee vun dir éischter desaturéiert Fotoe gewinnt ass. Awer Gewunnechte sin nun mol eben do, fir gerëselt ze gin. Fir méch ass an der Foto irgendwéi eng Atmosphär vum Stanley Kubrick séngem Film "Barry Lyndon", sou wi wann's du d'Foto bei Kärzeschäin gemaach häss. Oder dem Poe säi "Masque de la Mort rouge" kënnt mir och an de Sënn.
Also: les goûts et les couleurs etc.. mais mir gefällt di Foto, besonnesch well déi Haydn-Trios, déi ech grad lauschteren, gudd dobäi passen.
was findet ihr so schlimm an der Bearbeitung? Ich kann ihr durchaus was abgewinnen ..... hat so was von altem vergilbten Papier und das liebe ich sowieso
Mat der Fuerw kinnt ech liewen, wann se net grad esou saturéiert wir. Liich an d'Pastell eran géif mer hei besser gefaalen.
Daat muss eng ganz flott Plaaz sin fir Photoen ze maachen ... esou laang engem näischt op de Kapp gefall kënnt.