ech fannen et net gut dat t'lokomotiven sou geschnidden sin, besonneg dei lenks !
entweder ganz oder guer net !
am himmel fehlt et och un kontrast ! hues de se am RAW gemach ? dann mist nàmlech fill mei do erauszehuelen sin !
hmm...den Himmel as immens uniform, kuasi duerchgehend groh mat engem liischten iwergang an dBlo....TEXTUR huet en allerdings sougudd wei keng...sprecht nik wierklech un...
wansde wolls een Landschaftspanorama man wier et gudd gewiecht wansde des och GANZ mat dropgeholl hess...ennen et sou radikal an 2 Stecker ze schneiden helt neemlech och dem 2. Bleck daat intressant Element...
geiff son entweder een flotten Himmel, oder des Vue na enka mat mei Buedem geiffen hai secher MEI draus maachen
Jungs, sou wei et dobausse wor, waar net mei aus dem himmel eraus ze huelen. Mam bloussen Aa häss de net mei gesin
Plus ass et net net propper zesummegeschnidden, mee sin 2 Zich ennen.
An et ass och einfach soen, et hätte missen aaner saachen um panorama sin, wann een et net selwer gesin huet
Ass jo drems gaangen, well et eng interessant Atmosphäre wor mam Reen, hallef Sonn, extrem düsteren Himmel an super dréif.
An jo, maachen nie Fotoen am jpg. Mee och RAW kann net zauberen. Do wou keng Informatiounen sin, kann een och nix eraus huelen
Kann een et natierlech nach mei "fancy" maachen, mee dann ass et net mei daat waat ech wollt duerstellen.
A wisou muss den Zuch da ganz um Bild sin? Get et do eng regel dei beseet, dass daat mei schein ass?
jo, den link hun ech gekuckt, mais wanns de dei foto net graat 5x1m drecken leiss an un enger facad monteiers, gesait keen mensch dei schein reendreppsen op denger foto !
dat do net mei erauszehuelen as kann ech mer net fierstellen ! also ech sin gewess keen expert hei, mais mei as definitf dran !
an dei sach mam schneiden, nee, en sujet ze schneiden kann och heiernsdo interessant sin, mais esou wei hei as et et bestemmt net !
sorry !
wann een den Link kukt gesait een tatsächlech den Reen...bleiwen awer derbai dass et och Liischtsituatiounen gin an denen eng Foto eben net mei hierget...
mengn hai hett een Zoom op den Reen an der Sonn an een Zuch am Hannergrond odersou mei Wierkung gehaat wei den Panorama fum himmel....