Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lago Chungara

 
Lago Chungara
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.04.2009
  • Gekuckt:
    38339
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    ?
  • Blend:
    f/?
  • Brennwäit:
    65m/m mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    --
  • Beliichtung:
    --
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    279 KB
  • Originaldatum:
    --
  • Fotoapparat:
    Mamya 7
  • Programm:
    --
  • Objektiv:
    65 m/m
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=35648]
Kommentar vum Fotograf:
Mëttelformatnegativ gescannt, Agfapan 100 am Rodinal
antoine_spautz 22.04.2009 - 17:35
*** mei brauch een hei net sohen
marker 22.04.2009 - 18:05
Schéinen dezenken Kär durch den Rodinal. Am Original op Barytpabeier gezun gesait se warscheinlech nach besser aus.
Gefällt mir super.
Shantideva 22.04.2009 - 19:06
Beandrockend!
Gaga 22.04.2009 - 19:20
hmmmhmmmm, lo trauen ech mech epes ...bigsmile !
ech fannen dei ierwecht wolleken dei eng relatif kloer line machen zefill 50:50 ... also ech hät do geschnidden dat dei line am 3tel leit ... as daat eenzegt waat ech hei eben mierken waat keen unschwätzt, kloer 3tel reegel as net emmer een muss ... mais hei, as et net onbedingt epes waat een net hät kennen schneiden fannen ech !

loossen mech wei emmer gären epes besseren beleieren !

Shantideva 22.04.2009 - 19:30
Sou onrecht hues du net. Deen donkelen Fleck ass schon een Bleckfang awer den Sujet (Bierg) ass jo kloer do wou en hingehéiert, op der enneschter 1/3 Line. Et ass och gudd wann een Bierg ennen um Bild ass well daat nach eng zousätzlech Stabilitéiet vermettelt. Giefs du elo daat ganzt Bild méi heisch zéien fir déi Line Wolleken an den iewegten Drettel ze kréien, dann wier den Bierg an der Mett an en gief och net méi déi Stabilitéit vermettlen wéi wann en ennen ass. closed_eye
Gaga 22.04.2009 - 19:47
ok, hun verstaanen ... also just fier secher ze sin, deen schwarzen fleck, sou weit geiff ech natiirlech net schneiden, eben plus minus t'hälschend fun der wollekenbänk uewen am bild !
an och net hierwen, richten croppen, also net MEI waaser drop huelen !
enner aanerem wier dei mei laang form fun der foto flott ... , mais du hues recht mam bierg, deen as gut do wou en ass ...
EDIT : ech hun bei sou fotoen fun bierger och gären fill himmel ... himmel as emmer schein ....!
dofier gefällt mier den 1/3 net wann et 1 drettel himmel aan 2 drettel buedem sin, daat as den EMO-bleckwenkel, leit dei emmer den kapp hänken loossen ... et soll een bauch eran, broscht eraus mat gehuewenem bleck (net zefill) duerch t'liewen goen, an do gesait een eben 2 drettel himmel ! closed_eye
Shantideva 22.04.2009 - 20:08
Jo, deng Idee wier eng Alternativ zu desem Cadrage. Wann den Bieg ennen bleiwt ass et emmer gudd. Deng Erklärung mam EMO fannen ech flott. smile Ech wees och ereischt seit kurzem waat daat ass. Naja, d'Jugend vun haut... tongue
Metalbambi 22.04.2009 - 22:24
Do haass de net vill verpasst... tongue
antoine_spautz 22.04.2009 - 19:48
birchformatioun an den seih leihen dach am ennechten drettel vun der photo?

weou ass den problem?
Gaga 22.04.2009 - 19:50
bierg an waasser sin ganz ok, mech steiert eben dei 50% wolleken am ierwechten deel fun der foto ! also steieren, eben e klengen sandkär deen keinnt anescht sin, bei aanerem wieder dei selwecht kadreierung an sie as top .... !
Nicon07 22.04.2009 - 20:05
Wann ech hanneno e besse méi Zäit hun, da wärt ech di Foto hei kommentéieren, well do get et vill ze soen. CU, Nico
gloda 22.04.2009 - 20:16
Stark. Do kënnt alles zesummen fir eng spektakulär Landschaftsfoto!
rom 22.04.2009 - 20:44
Jo, di hei gefällt mir natirlech och immens...
MB-Photos 22.04.2009 - 21:07
Wahrscheinlech sollten Wolleken den Bierg mei an Szene setzen an mei Stemmung iwerdroen war eng gud Idee mä dann steiert mech dien Schwarzen Himmelfleck nach net sou wei dei mei deck Wollek hei fir wanns de wahrcsheinlech nach bessen gewahrt hes dann het sech dei deck Wollek hei fir bessen verzun gehat an den schwarzen Himmel fleck waer quech duerch Foto gang dat wear eng Leisung gewiercht.
Foto as trotzdem schéin!
Maimonides 22.04.2009 - 21:31
E Séi dee rouig
a platt do pennt
an driwer en Himmel
deem seng Wolliken
Fielse freessen.

Super Foto.
Nicon07 22.04.2009 - 21:32
Wat gidd dir dann elo alleguer do an di Foto sichen??? Soss sin d'Kommentarer am allgemengen op PG hei dach net esou kriddelech. Fir méch ass dee schwarzen Himmel do just eng affaire de goût, iwwert déi een zwar ka streiden, mais déi een awer elo net iwwerbetoune soll. Ech denken net, wi dem MB-Photos, datt dat der Foto besser gedoen hätt, wan d'Wollek séch verzunn hätt. Mol dervun ofgesinn, datt kee soe kann, ob da wiirkéch den Himmel fräi gi wier, an net ëmgedéint d'Wollek alles verdeckt hätt. Soit!

Ech fannen, datt an der Foto och net d'Drëttelregel schlecht ugewandt ass. Am Géigendeel: Et ass fir méch esouguer eng Kombinatioun vun der Drëttel an der Hallef/hallef-Regel dran. 3tel, well di 3 Elementer Waasser, Erd a Loft schéin ausgeglach vertruede sin. Den Himmel, als dat interessants Element, huet natirléch eng privilegiert Roll hei ze spillen, an dofir ass et fir méch richteg, datt e souvill Plaaz anhëlt. An dofir huet dee schwarzen Deel rechts och séng daseinsberechtigung. E lackert da t ganz op, a bréngt ee Kontrast an d'Bild, deen Dramatik vun de Wollécken nach betount. Aanescht wiern d'Wolleke villäichtnet sou spektakulär. An da wëll ech nach e puer Wuert zum Opbau verléieren: Dee schwarzen Himmel fënnt eng Spigelung an der ënschter lénkser Bildhallschent bei deem Fiels, deen d'Waaser an de Gletscher (oder d'Schnéifeld) hannendrun auserneenhält. D'Struktur vun de Wolleke fannen séch am Gletscher erem, an de pyramidale Schwonk vum Bierg widerhëlt séch och nach e puermol. Am fong huet di Foto hei eng Rei fraktal Elementer, an dat fannen ech ganz gudd. Datt d'Wolleken de Gipfel vum Bierg zum Dell verdecken mécht och, datt den Iwwergangk vun enger an di aaner Ebene vun der Foto flou an ondéfinéiert ass. An d'Grotéinofstufungen am Himmel si wéi een opgeklapten Deckel vum Bierg a vum Gletscher. Wann ech elo hei kéint nach Strécher zéihen, da géif ech dat elo Gesoten an engem Croquis illustréieren.

Bref: Zesumme mam grain a mat der Beliichtung fannen ech de Foto eng vun deene rare wiirklech eminente Fotoen hei um site.


Jean-Jos 22.04.2009 - 23:50
Super Landschaftsopnahm.
Respekt!
Nom Nico sénger Analyse brauch ee näischt méi bäizeflécken.
NikonD80 23.04.2009 - 10:44
effektiv schéin....
Miau 23.04.2009 - 14:37
Merci iech all fir all di intressant Komentare an Ureegungen, ech sinn immens frou doriwwer a fannen dat ganzt och immens positiv hei um Site

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 464 Gäscht online