Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Prunus Blossom

 
Prunus Blossom
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Pas de Modification 3.0 Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.04.2009
  • Gekuckt:
    67322
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    40
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/3.
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    273 KB
  • Originaldatum:
    2009:04:11 19:20:03�
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL�
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Natur »» Blummen
Extras:
Fraihand, RAW

Fir anzesetzen: [pg_img=35417]
Kommentar vum Fotograf:
dFoto as am Original stark ennerbeliicht gewiecht an ech hun daat läscht aus der RAWdatei missen raushuelen fir dass se sou guff.
den Grain den dobai entstan as gefällt mer awa grad sougudd wei dStemmung fun der Foto selwer^^

wier intressant ze heiren waat dir denkt :)
Alko 15.04.2009 - 12:34
Ma ech denken dass se mir ganz gudd gefällt an den grain absolut net steiert mee am contraire! Flott
OK-Photography 15.04.2009 - 12:59
freet mech!merci smile
mOnsterbUg 15.04.2009 - 13:45
Wow, dei doten huet Format!
Genial Faarwen mat engem wonnerscheinen Bokeh!
OK-Photography 15.04.2009 - 13:48
hehe merci! smile (och fir den +fav! smile )
dr_kim_veis 15.04.2009 - 14:11
schein. kann mer vierstellen dass se och bw gudd funktioneiert...
OK-Photography 15.04.2009 - 14:32
hm daat hun ech na nik probeiert...*noteiert* closed_eye
thanks smile
tennes 15.04.2009 - 14:13
schein blumm..
hueste Foto awer na super hin kritt wann se sou ennerbelicht war..
OK-Photography 15.04.2009 - 14:32
RAWseidank closed_eye
do kann een immens fill raushuelen!geiff sugur soen eischter nach bei ennerbeliichtung wei bei iwerbeliichtung (waiss Plaatzen gin et immens seier!)
tennes 15.04.2009 - 21:18
maja,den RAW ass schon eng gudd Saachclosed_eye
marischen 15.04.2009 - 14:57
Supiii!!! bigsmile
OK-Photography 15.04.2009 - 15:04
MERCI!! bigsmile
dentom 15.04.2009 - 14:59
super Stemmung
super Faarwen
super Schärft
super Foto
OK-Photography 15.04.2009 - 15:04
boah bigsmile hehe merci smile
Nicon07 15.04.2009 - 15:21
Ech fannen se nach ze däischter.... Ups! Ech misst vläicht de Sonnebrëll aafdouen...
Aaaah, elo ass se gudd! Wonnerbar esouguer... Di minimalistesch Schärft hei an de bolen Hannergrond sin immens. Mais op et eng Ätonguepelbléi ass, do wier ech mir net sou sécher Wéi wier et mat enger Kiischtebléi??? (Prunus serrulata, Japanische Zierkirsche) ... Een aus dem Kiischtpelt smile misst dach den Ënnerscheed kennen... *lol*
OK-Photography 15.04.2009 - 15:36
hehe sonnebrell as gudd...mol enka wou et sOnn mecht den unzedoen...closed_eye

hmm joh ech hun zimlech fill Bleien geknipst an der läscht...wees awa dass an dem Gaart wou ech des gesin hun keng Kiischten stin...vlait kiint et eng Promm oder Mirabelle sen...(geiff soen et war een Prommenbaam!)
Aapel war et warscheinlech nik...wees onik wei ech dorops koum! *geet titel ännren* closed_eye
merci fir den Hinweis an den Koup Komplimenter!! :p smile
Nicon07 15.04.2009 - 15:56
Ah jo, eng Promm, kéint et sin. .... décidément ... et as nach e besse fréi am Joer fir eng Ätonguepelbléi. A mat Prunus méchs du wirrkléch näischt falsch... smile
OK-Photography 15.04.2009 - 17:32
hehe hun ech o geduercht wou ech dei Iwerfamill bis entdeckt haat hehe closed_eye
kukn ma nekste keier den Baam un dann wees ech mat Secherheet waat et as...daat as den nodeel wann een mam Macro ennerwee as: et verleiert een heinsdo den IWERbleck cool
Shantideva 15.04.2009 - 16:23
Super! Déi gefällt mir extrem gudd. Ech mengen ech muss och mol irgendwann mat menger Makrolens op den Tour awer ech hun einfach keen Gevill dofir...
OK-Photography 15.04.2009 - 17:33
ajopp mussde tongue
dGevill derfier ze kreien as daat waat mech effektiv am meeschten Zait kascht huet, op engkem Raum mat sou groussen Blenden PROPPER ze schaffen as emmer nees eng erausfuerderung...an du leiers den WAND zimlech seier haassen! tongue tongue
wier intressant epps an des Richtung fun der ze gesin!(wubai den Filmrull schons epps hiergin huet!!)
MERCI smile
Nicon07 15.04.2009 - 17:39
Dofir brauch ee kee Gefill, eng roueg Hand an een Objet, deen am beschten net am Wand wackelt, an dann séch Zäit huelen, de Objet froen: wéi géifs du gär fotograféiert gin?, weis déch mir vun dénger schéinster Säit, an da geet et vum selwen. An nach eppes: net zécken, och mol Blend 11 oder 13 ze huelen, domadder kritt een nach Bokeh genuch an awer ass den Objet durch an durch scharf. An, ganz wichteg, manuell focusséieren, awer wiem soen ech dat...? smile
OK-Photography 15.04.2009 - 21:36
hehehe bigsmile joh wann een einfach freet geet natilisch och...soss ebn soulaang runtaaschten bis et gudd ausgesait...closed_eye
(waat besonnech bei openen Blenden bei mir oft LAAG dauert...heemlen main Sujet oft mat just enger GRIMMEL Schärft!smile )
kleng Blenden hun ech heinsdo...mee meeschtens sen ech sou noh drun dass dofir einfa nik mei genuch Luuscht do as...closed_eye

nemmen mat M huet een eng Chance an deser Welt daat stemmt! :P
Shantideva 15.04.2009 - 21:45
Yes! M muss et sin. Ech kann mech net mat denen aaneren Sachen ufrenden. An, elo wou ech den Liveview hun get och nemmen nach manuell focuséiert, awer dann muss ech alt een Stativ hun, an dann sin d'Insekten schon net méi mein Fall... smile Naja, ech probéieren mol den als eischt Urbex-Macro. Den Moment hun ech jo mol e puer Platzen déi sech dozou ubidden an do kann ech jo mam Stativ schaffen. smile
Shantideva 15.04.2009 - 21:47
Ma villmols Merci. Ech hoffen dass ech op den Gout kommen. Mir fehlt de Moment e bessi d'Ae dofir. D'Filmstudioen déi ech als virun kurzem gesin hun sin een Paradeis fir Macro awer meng Ae kucken emmer am Weitwenkel. Daat ass wuel och eng Sach vun der Gewunnegt.
elmuzo 15.04.2009 - 16:35
Du därfs net soen falsch beliicht oder ennerbeliicht, du muss soen aneschters beliicht an dat gesäit een denger Prise och un, mee mecht se an engems aneschters ... and that's it
CHEERS
MUZ
OK-Photography 15.04.2009 - 17:35
hehe se war joh schons absichtlech ennerbeliicht (ech schaffen OFT mat minusexposure...) :p
dass se ANESCHT as freet mech ze liesen! smile
MERIC MuZ smile
Nicon07 15.04.2009 - 17:40
Wat de muz seet, dat seet e gudd a rischtesch!
closed_eye
MB-Photos 15.04.2009 - 17:31
Einfach nemmen super!
OK-Photography 15.04.2009 - 17:35
thanks Marco smile
LP 15.04.2009 - 17:50
Also war na nie e fan vun blummen fotoen mee lues a lues brengs de mech op de gout smile
super nemmen weider sou smile
OK-Photography 15.04.2009 - 17:55
LOL bigsmile daat as joh mol een Kompliment!!thanks bigsmile
ech hun et o no allem waat ech bis lo fun Beraicher entdeckt hun nik feddisch bruecht meng Botanik ze vernoleissechen...just weisen man ech alt nemmen apundzu epps...well iech nik zefill mat BLUMMEN langweilen...;p
THANKS Dudesmile
LP 15.04.2009 - 17:59
nee nemmen go domadder well daat do ass wierklech gudd smile hues du dei am makro gemach? hat och de moien main gleck mat de blummen probeiert closed_eye
OK-Photography 15.04.2009 - 19:32
hmm!wisou dass den System meng angab fum "EF 100mm 2.8 Macro" net well verstin ech lo nik...as op allefall main Macroobjektiv joh closed_eye
den Bletz haat ech o un mee awa 2Blenden ennerbeliicht, den huet baal naischt drun geännert (just eben den Hannergrond na eng winzech grimmel mei oofgedonkelt...cool )
Jeanny 15.04.2009 - 20:53
dei ass wonnerschein,
herrlech Faarwen a Schärft
OK-Photography 15.04.2009 - 21:00
thx
NikonD80 15.04.2009 - 23:32
gelonge Kompositioun vun den Faarven, gefällt mir
OK-Photography 15.04.2009 - 23:47
freet mech! Merci smile
Marmag 17.04.2009 - 09:50
As zwar lo schon ganz oft gesoot gin, mee ech muss et och nach eemol soen: einfach nemmen genial "smile"
d'Blei an hierem zart-Rosa an den Hannergrond am kontrasteirenden Indigo...
leider hun ech 'nemmen' meng kleng PowerShot wou ech net sou no run kann wei ech et heiansdo weilt (kuck meng Spannen-Foto grün, grün, grün sind ...
emmer wann ech mei no drun gaangen sin, krut ech net mei scharf gestallt)
OK-Photography 17.04.2009 - 10:30
Merci duh smile
et geet heinsdo naischt iwert een gudd Macroobjektiv daat stemmt...hun awa firdrun och heinsdo sou Saachen mam Tele geknipst an dann geschnidden (doduerch reckelt dMotiv dann nees eng Grimmel mei an den Fierdergrond...closed_eye )
freet mech dass se da gefellt! smile
Ramondella 19.04.2010 - 19:28
Super flott!
OK-Photography 19.04.2010 - 23:49
thankssmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 432 Gäscht online