D'Rokia Traoré am Atelier, den 1.4.09.
Nodeems ech zu menge leschte Fotoen net vill geschriwwe krut probéieren ech et dann nach eng Kéier op neiem PG Hannergrond ;)
Freeë mech wéi gesot iwwert all Kommentar!
iergendwei féehlt ët mir hei un äpes...
(Schärft / aaneren Schnëtt / dh. net grad dem Mossiö am HG duerch d'Nues ............ as sou)
dei Oder am Hals weist nat. ganz gudd, mat wei engem
Engagement hat sein Job mëcht.
Merci Armand dass du eppes schreifs...
Säit ech d'5DMKII hunn fehlt mir och iergendeppes... an ech kann net soen wat et ass...mä ech sinn absolut net zefridden, well bei 1/125 an 70mm hätt ech mir och méi erwaart!
De Focus louch de Moment vun der Opnahm 100% do wou e sollt!!!
Ech denken och net dass de Problem de Mossiö am HG ass, mä ech denken de Problem ass den Haaptsujet!
Mee ech weess net wéi ech de Problem soll lokaliséieren... ech hat mer vill vum neien Apparat versprach a si bis elo just enttäuscht ginn!
Vläicht weess ee vun de PG-Useren Rood...
wat hues du dann - nodreiglëch - un där Foto geännert, dh. entrauscht a nogeschärft, un de Faarwen gekniwwelt ......... asw....?
Ech vir mein Déel sin mat menger neier Cam. ganz zefridden, souwuel am Presseasaatz wei och op Concertën (do baussen an der Sonn sin së all gud, bal all ))....)
daat éenzegt, wat mir nët gefällt, daat as den Autofokus, nët déen Mëttegen, mais déen Aussermëttegen, do hun si, vis à vis vun der aaler 5D neicht geännert an daat as schued. Op Concertën wir ët narwëll gudd, wann dei - aussermëtteg - Fokuspunkten, vu dat éen narwëll dachs den Servo - Fokus ugeschallt huet, och geifen fonktionneieren, mais bon, domadder kann ëch liewen !
da kuck hei, liicht entrauscht, mais liicht a ganz bessi nogeschärft
4.000 Iso
“Paul Fox Mannheim Collective”
as nat. SW an do geseit alles gaaaaaanz aanescht aus
ps. op denger HP sin besser Fotoën vun him !!
iwwregens, hues du keng Festbrennweit, resp. nach nie doru geduecht, dir sou Lënsen ze kaafen ?
Obwuel, dein 70-200 as scho ganz gudd, mais, dei aaner si nach e gudde Krack besser !
Do hun ech jo een gudde Concert verpasst. Deng Foto war op jiddefall eng Gelegenheet wert fir erem e bessi Musik vun him ze lauschteren an och d'Foto dobei ze genéissen.