Also... dë Spigel ass nët original, den Original haat ech oofraséiert. Als Tip: Motor viir 2 Liter ohc mat 2 HS6 Vergaser... daat war lo awer schon ziemlech däitlech...
Bien vu Antoine... ët war eng 78er TR7 (de miserabelsten Auto den ech jemols haat). E liëwt iwriëns haut nach... steht schons seit Joer an Daag an enger Scheier zu Useldeng mat original ëm déi 70.000 km um Compteur...
Et ass souwiesou nët méi mäin... Ech haat en 1983, engem Aarbechtskolleg vir 10.000 Frang verkaaf... deen ass e bëssen dermat erem geridden bis en d'Culassedichtung gefëmt haat. Vun do un steht en an der Scheier...
Et ass e Brooklands gringen mat enger breeder sëlwer Sträif iwer de Capot, Daach an Mallendeckel... (och nët original)
Du kéins elo een zweete Quiz heimadder verbannen: Wat ass dat fir eng Camionette am Spigel? Ee VW Bulli?, eng Mercedes Benz? eng Hanomag Henschel? oder wat gouf et deemols net nach alles? eng Ford transit ass et op alle Fall mol net.