Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Musikabspielgerät

 
Musikabspielgerät
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.03.2009
  • Gekuckt:
    37237
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    0.8
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    130 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    946x484
  • Späicherplaz:
    326 KB
  • Originaldatum:
    2009:03:20 20:50:21
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 450D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
Stativ
Lightroom

Fir anzesetzen: [pg_img=34661]
Kommentar vum Fotograf:
ech sin een vun deenen wéinegen, dei sech haut nach emmer CD'en kaafen an net alles eroflueden. An zudeem gehéieren ech zu der nach vill mei klenger Grupp vun Léit, dei sech souguer ab und zu nach eng Vinyl kaafen ;)
Nicon07 20.03.2009 - 21:54
Di Kärechkeet vun der Foto deit op den heinasdo käreche Sond vun engem Plakkespiller hin. Mir gefällt dat. Just fannen ech de Bildopbau net grad ausgeglach. Den Tounkapp steet mir ze vill no un der Mëtt an deen Eck ënne rechts zitt d'Opmierksamkeet un, awer eigentléch as do keng fir d'Bild wichteg Informatioun dran. Datt d'Plakk kippt, kéint ee gestalterescht Element sin, awer dofir kippt se dann net genuch. An e besse méi Kontrast kéint d'Foto och verdroen. Et ass nämléch néierens richteg Schwarz dran. Lo war ech zwar e besse streng, awer domadder wëll ech dir soen, datt ech déng Iddi an déng Foto, wéis du se geduecht hues, mat der Bewegungsonschärft eigentléch gudd fannen, awer et fehlt eben nach eng Klengegkeet, a wann déi och nach dran ass, da sin ech iwwerzeecht.
Sicho 20.03.2009 - 22:47
merci fiir d'Kritik - soulaang et konstruktiv ass soll een emmer streng sin closed_eye

bzgl. dem Eck ennen riets: do woor am Fong nach vill mei vun deem Eck do, eier ech gecroppt hun ... ech wollt awer nach, dass een den Rand vun der Plack anzwousch um Bild gesait. Wees net op d'Bild lo besser mat oder ouni deen Eck wier ...

dass den Kapp zimlech an der Mëtt luuch einfach dorunner dass ech laang ausprobeiert hun an d'Plack natierlech dobai monter gelaaf ass an ech net souwait geduecht hun, den Kapp vlait mol nees zreckzesetzen cool

bzgl. dem kippen an dem Kontrast gin ech der Rescht.

vläit setzen ech mech iirgendwann nach eng Keier hannert deen Sujet.
Ech muss awer zu menger Verteidegung och soën, dass d'Foto net ennert den einfachsten Konditiounen gemaa gouf. Deen Plackespiller do steet nämlech um Buedem, et woor zum Zaitpunkt vun der Foto och net wierklech meiglech en wouaanescht hinzebrengen. Wann ech en hätt keinten op een Dësch oder sou stellen, hätt ech secherlech mei Fräiheeten bzgl. Perspektiv gehaat. Sou konnt ech eigentlech baal nemmen vun uewen erof d'Foto maan - ech perséinlech hätt leiwer een mei flaachen Wënkel benotzt.
Nicon07 21.03.2009 - 08:27
Deng Verteidigung ass ugeholl an et gëtt Circonstances atténuantes... "ggg*


Du därfs net vergiessen, datt ech di Schwieregkeete, mat deene mir Haus-und Hoffotografen konfrontéiert sin, ganz genee kennen. Kuck méng Serie vun de geckegen Objeten, déi ass mat rüdimentäste Mëttle gemaach an deemno och voller technescher Feeler. Mir sëtzen an deem Sënn all am selwéchte Boot...



Schéine sonnege Weekend!
Michel 20.03.2009 - 23:16
Dierf ech froen wisous de net erooflueds?
Hun och nach plakken an e plakespilller, ass schon eppes besonnesches
smile
Sicho 20.03.2009 - 23:29
also nii eppes rooflueden wier gelunn ... mee wann mer eppes gefällt, kaafen ech mer et.
mee ech kaafen och effektiv lo net 100 CD'en den Mount oder sou ... haat ech awer och fiirun der MP3-Zäit nii. Mee ech lueden lo och net all Daag iirgendwei eppes roof closed_eye Hautzedaags lueden jo och vill Leit erof just fiir erofzelueden ... nunje ...
Johny 20.07.2009 - 01:45
Hun dat hei lo grad gelies ... Hei gëtt Eroflueden gläich gesat mat illegal, mä ech huelen jo wuel un dass de selwer weess dass dat falsch ass smile

Ech hun genuch Lidder erof gelueden, mee legal.

E Plackespiller ass awer net falsch ze hunn! bigsmile
Sicho 20.07.2009 - 09:20
mjo du wees wei et gemengt woor tongueclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 544 Gäscht online