Stëmmung gefällt, Luucht ass flott an allgemeng hun ech sou Fotoen gär.
Ech mengen just si kippt bessen no riets an ech wees net firwaat, mä wann ech déi Foto kucken, froen ech mech di ganzen Zäit: Wier déi net bal besser am breede Format? Well dann hätt een déi Diagonal als Fluchtlinn nach kënnen bësser betounen. Oder ?
Ech well mech awer net hei behaapten, als bluddegen Amateur
jo breet-format fir eng gutt Iddi , an nach villäicht nach e Schratt méi no riets , dat fir dann nach méi eng Déift ginn,
fannen ze trotzdem net schlecht
Ech kennen deen Eck do ganz gudd.
An deng schéi Foto bréngt di "lokal" Atmosphär super eriwer.
Du hues och eng "gegenläufige" +/-Diagonal an denger Foto: di (drëchen) holze Palissade an deen Deel dovun deen naass ass.