fannen et als idee flott. Zumols, wei den N0brein schon soot deen kontrast deen een um ganzen bils fennt. Mee awer fannen ech se bessen einfach. Keng schlecht foto mee eng 10 huet se definitiv net verdnegt.
Schwarz/waiss ass fir mëch d'Mëttel an de Wee fir d'Essenz vun enger Landschaft op meng perséinlech Art a Weis duerzestellen. Dat Bild hei war e Schnappschoss deen a farw fir mech oninteressant war, an Ech hu mëch nët ginn bis datt Ech dat erausgeschafft hat, wât mëch an dem Bild ugesprach huet.
Wat Bewertung ubelaangt: et geet hei ëm Fotografie a nët ëm eng gölle Kueh, een interessante Kommentär ass mer méi Wert wéi dausend Punkten.
Tiptop dat do! Excellent gesin an den s/w mëscht eréischt aus dem Bild wat ët ass. Am faarwegen wier ët effektiv wuel eng Photo wéi vill anerer och, mee sou nët. Gefällt mer ganz ganz gudd!
Ech wor deen deen dei 10 gin huet... an ech loosen mech nach emmer net oofbrengen.... mir perseinlech gefàllt se einfacvh nemmen meeega gudd, perfekten moment erwescht, ech war einfach nemm en paff...
Daat ass nés sëcher eng déi an d'Top 60 gehéiert, gesäit bestëmmt och säugudd op engem groussen print àus, mat 100 ISO an der 20D ass daat jo ké Problem. Vu mir eng *9
Hun mer se o schon oft ugekukt (hun se an den favoriten) an iegentwei gefaellt mer se vun keier zu keier besser. Wees net firwaat mee fannen se gudd.
Mee wann een eng foto emmer besser fent fent een (leider) och emmer mei detailer dei een steieren...hun nach een fonnt...fannen dat daat kand ganz lenks bessen aus der rei faellt...eichtens well et sou weit waesch as an 2tens well do den kontrast net sou staark as
Wow, genial Gefällt mer wirklech mega! Bon, wei schon gesot ass dei Saach lenks mat deem Kand net ideal, mee mengen daat kann dei doen Foto secher net versauen