Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

de groussen Hémelzoo

 
de groussen Hémelzoo
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.03.2009
  • Gekuckt:
    33326
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x1305
  • Späicherplaz:
    585 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=34416]
Kommentar vum Fotograf:
erem en aalen verschafftenen Negativscann,
arwa 12.03.2009 - 15:47
ah ja, Geschichten, die das Leben schrieb smile)
fannen dei Foto narwell richteg intressant,
vill ze kucken, dh. vill ze entdecken,
wou soll daat sin
wien soll daat sin
weini soll daat gewiecht sin
virun allem , wien as déen klengen a waat kritt hien vun déem Scheifer do erzielt ????

Froën iwwer Froën smile)
suraki 12.03.2009 - 18:38
wëlls du et bas ((-:
Et war an de Bierger vu Katalonien , d'Biergbewunner sin do esou härzeg an dat as net fir d'Touristen gestallt, dat as esou.
Et war en einfachen Hirt, dén beim Klengen (mei Bouf) stoe bliwen as, well dén interesseiert gekuckt huet. Hin huet dem Jeff démols, virun ... 10 Joer (ech sot jo, et sin uraal Negativen) erzielt dat seng Gèes trotz den Haeren ganz léif as.

Owes soutze mer a sengem Duerf an hu do, an engem Gaart, den énzege Café ? (mengen et war esou guren privat ((-smile Haam a Kéis gies, an e gudde Rouden aus der Régioun gedronk.
D'Leit wollten eis dorno net mol eppes ofhuelen, well de Jeff mat hierem kèngen gleichaltrege Jong gespillt, a sech herrlech mat him verstanen huet. (trotz der Sproch ((.closed_eye


arwa 12.03.2009 - 18:43
ma daat as jo wieklech eng schei Geschicht ! smile)

de Mann huet eng ArmeiKaap un, en Adler drop oder sou.

tja, daat si Vakanzen, dei vergësst éen nët , gelldu ?
suraki 12.03.2009 - 18:57
an aale, mat enger Gées getarntenen, BiergJäger.
Hätt nie geduecht dat dat hei engem opfällt ((((-:
arwa 12.03.2009 - 20:11
da kenns du déen aale Wagner awer nët smile)
suraki 12.03.2009 - 20:50
ech fannen et einfach flott (((-:
merci arwa (:
GrAl 13.03.2009 - 09:12
Déi katalounesch versioun vun "la vache et le prisonnier" smile)
suraki 13.03.2009 - 09:43
hehe ((-:
merci
Jeanny 13.03.2009 - 06:30
eng wonnerschein Foto
suraki 13.03.2009 - 09:44
och hei en dècke merci
GrAl 13.03.2009 - 09:10
Ech hun mer zwar elo net déi Froen gestallt wéi den Armand me ech fannen et einfach eng schéin Opnam vun engem Stéck Liewen. Do brauch en dann och net no engem Hoer an der Zopp ze sichen.
arwa 13.03.2009 - 09:13
hun ëch och nët gemaach, as mir eben just opgefall, dh. hu gesinn, dat do ätonguepes op der Kaap drop stéet ! smile)
GrAl 13.03.2009 - 09:17
Dat mam "Hoer an der Zopp" wor elo net fir dech gemenzt. Ech hat allgemeng gemengt, datt en sou Fotoen genéissen muss, einfach well se dat duerstellen wat et ass. Do soll ken ufänken déi Foto technesch bis an den läschten Pixel ze analyséieren.
arwa 13.03.2009 - 09:21
daat hun ëch och sou verstaanen smile)

mir gefällt se op jiddfer Fall och immens gudd an ëch hoffen, dat den Edy der nach e puer rausfëscht, aus senger Diakëscht smile
suraki 13.03.2009 - 09:45
merci der zweé,
Armand, ech wéisen nach déi eng oder aner ((-:

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 401 Gäscht online