hmmm, wann ech mer därf erlaben :
uewen zefill knapp geschnidden, an e bessi fill Käreg !
t'Schärft as net mei ze erkennen .... an daat grëngt Kleed keinnt eng dreps mei knalleg sin ! waats de awer net gut kanns änneren ausser am PS !
Fier eng Studiofoto as do fill mei erauszehuelen soen ech mol esou !
Do ass wierklech ganz komesch, datt se sou kärreg ass. Bei ISO 200 rauschen d'Foto vun der D70s zwar net sou.
Froen mech weiss de dei do dra kritt huss? Duerch d'Bearbechtung?
Op alle Fall ass den Hannergrond zimlech onattraktiv, soe mer mol sou, an wei den Gaga seet, d'foto ass och schlecht oofgeschnidden uewen, par rapport zu ennen.
Bei der Kompressioun vun der Foto kanns de och mol vill mei Qualiteit huelen, 79kb ass jo baal naischt.
Jo, d'ass jo gudd gemengt, also, mengen ouni dei technesch Problemer wirr et secherlech eng flott Foto, mengen d'Modell, d'Pose, dat passt schon. Ech selwer wor nach net an engem Studio fier Fotoen ze maan, mee ech hu lo hei einfach gesin, datt hei zimlech technesch Mängel fierleihen, dei emr lo selwer net kloer sen, well ech jo selwer och eng D70s benotzen, mee sou en Bildrauschen hat ech bis lo mol net bei ISO 1600…
Et muss baal un der Beaarbechtung an der Komprimeirung leihen.
Mee mir sen jo do, fier him lo Tipps ze gin, an datt en den nächsten Shooting besser kann maan, an wierklech och technesch flott Fotoen kann maan.
D'Féiss sin drop!
Just oppassen dat et uewen net och ze enk gett...
Du hues iergent eng komesch method deng Fotoen kleng ze maachen well si sin emmer extrem kompriméiert.
Probéier flait mol mam photoshop.
D'Etikett vum häerz häss de kennen weg stempelen.
D'erkennt een seng schung nemmei well su daischter ass an sou mengt een d'hätt Stoff rodrem seng féiss an d'gif op den zéiwespetze stoen :/