Häss du déi net kënnen ausriichten, datt di horizontl Linnen net durchgebéit wieren? Sou gesäit dat e bessi komesch aus, well d?Luucht gefällt mir gudd, awer d'Verzwerrung stéiert méch dach.
Wat mech awer nach méi stéiert ass den Text. Gidfereen weess dass dat doten d'"Brandenburger Tor" ass, also brauchs du dat nët och nach drënner ze schreiwen.
U sëch eng ganz schéin Foto, a wann's du dem Nicon07 lo nach nolauschters, dann gëtt se nach besser.
wann's de PS hues kanns d'entweder
* mam 'lens correction'-Filter, deens d'ënner der Kategorie 'Distort' fënns, oder
* mam Befehl CTRL-A --> 'Transform' --> skew (do muss de der awer e puer Linnen zéien, fir d'Kontroll ze behalen ,
riichtbéien (ass méi liicht gesoot, wéi gemaacht, wann's de dat nach nët kenns: awer 'learning by doing' ass déi bescht Method)
BG
naja as aus e puer Biller zesumme gesticht gin... unsech wollt ech een Panorama draus machen, mä zum Schluss hun ech mech awer "nemmen" fiert Brandenburger Tor entscheed.