Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

En bessen Physik

 
En bessen Physik
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.01.2009
  • Gekuckt:
    37210
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1200/1
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    725x495
  • Späicherplaz:
    105 KB
  • Originaldatum:
    30.01.2009
  • Fotoapparat:
    DSLR-A700
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt
2. Kategorie: Just for fun »» Rätselfotoen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=33282]
Kommentar vum Fotograf:
Lo keng berauschend Foto, mee wollt mol testen wien als eischt d'Stärenbild rausfennd wat een hei kann gesin :)

An an engems kennt der mer erklären wat op der lenker Seit dei riischt Linn ass dei vun uewen no ennen duech Punkten geet ... ? Ass dat eng Réflexioun vum Objektiv `?
mmphotos 30.01.2009 - 22:40
Heheh, ech wees et...dei lescht deeg waren effektiv flott, krut mech just net motiveiert. Muer hues de jo keng Zeit oder?
Neckel 30.01.2009 - 22:43
Ioo huet en wierklesch vill gesin smile

Nee sen dann liischten closed_eye
maddog 30.01.2009 - 23:20
also ech wes net wat et as awer schein as et nit
Neckel 31.01.2009 - 09:52
cf uewen
Lorryson 30.01.2009 - 23:22
do muss ech mech unschleissen , schrecklech !!!!! ech wees net wat dat soll???
Wonnert mech dass dei hei drop komm ass ???
mmphotos 31.01.2009 - 00:02
Se steet jo enner just for fun raetsel foto, do daerf soueps ropsmile
Masterpii 31.01.2009 - 00:47
DO as awer weinstens nach technik hannendrun!! do sin aaner Fotoen do keins de daat och dohin schreiwen, mee dann bas de awer laang am gaang!!
Lorryson 01.02.2009 - 02:16
Wei wann ech Foto emdreinen ?? gesinn ech dann Technik , hehe
Neckel 31.01.2009 - 09:50
@Lorryson : Achjo ... wann jiddereen giff d'Kommentarer respektiv d'Donnéen liesen déi d'Auteuren sou bei hier Foto schreiwen ...

Weess io dass de Rescht hues ! Hun io gesoot dass et mer net em d'Foto selwer geet. An dann nach verglaichs du se mat aneren Fotoen wou keen Gedanken dohannert ass.

Et ass vlaicht net schein ze kucken, mee ech fannen et intressant ze gesin. En plus hun ech nach gesoot dass et eng Stärenfoto ass, an wanns de d'Beliischtungszeit kucks misst de verstoen wei den Effekt (ob en lo schein ass oder net ass sulaang wei breed) zustaan komm ass ...

smile hf
Lorryson 01.02.2009 - 02:23
dat heleft mir awer guer neicht wann ech deng Donnéen liesen, sorry

Secher vergleichen ech se mat aner Fotoen , well ech krutt schon gudd Fotoen hei verweigert dofir verstinn ech den "a la tête du client"hei um Site nees net. dat huet elo neicht mat dir perseinlech ze din.surprised))
mmphotos 01.02.2009 - 11:13
Also wanns de des Fotoen mat aaneren verglecihs, mat Fotoen deis du hei ropgelued hues an net accepteiert krus dann hues de eps net genau verstaan, dei Foto steet jo an der kategorie just for fun, do kommen eeben Fotoen dran dei zum spaas gemaach sin, fier aaneren User eps ze weisen, oder wei hei, een klengt Rätsel ze stellen, do gin dann dei kriteren dei bei aaneren Fotoen fier eng activatioun neideg sin net sou gekukt, well et eeben ForFun as... Speziell d'categorie vun den Rätselfotoen gouf nodreiglech gegrent well do am ufank vill diskussiounen waren...mee wei gesoot, et as ForFun an eng Rätsel Foto, et ameseiert een sech d'Leisung ze fannen mee et geet een keng kritiken iwwert Technik an co oof.

(obwuel d'Foto Technech ganz interessant assmile )

Lo zur Foto, ech Tippen ob een vun deenen 2 ween, mengen den groussen. Streiw as, daat eenzegt waat et och kann sin, een Fliiger. Den BP war mat senger gestrechelter linn ganz no drun, well daat heecht jo dass et un an aus gaang as, d'luucht vum Fliiger eeben, alles aanecht am Himmel geet jo sws am krees, also besser gesoot mier dreinen (net dass een phisiker mech lo schloen kenttongue)
Neckel 01.02.2009 - 12:59
bigsmile

Et ass wei den BP soot den Orion tongue War bessen schweier rauszefannen well einfach alles voller Stären ass ...
OK-Photography 01.02.2009 - 13:15
yesss bigsmile (as weigesoot neewt den Ween den bekanntesten vlait och well en prägnant HELL Stären dran huet...closed_eye)

@mm: den Satelite wier an Fro komm wann et net geblenkt hett...den gesait aus wei een Stär just dass en sech an enger Linn iwert den Himmel beweescht an heinsdo einfachsou verschwent (Waat dann giff eng änlech Linn hannerlossen just diagonal odersou) wann en an den Erdschied gereit...closed_eye
mmphotos 01.02.2009 - 14:07
Jo mee den Satelit, misst deen awer net och bessen kreesbewegung hun? also net grad sou "rechtwenkleg"
OK-Photography 01.02.2009 - 14:46
hmm...mengen net...en misst en exakten Strich zeien...en flitt joh am Krees ronderem dErd op där ma stin (dKremmung dei seng Bunn beim nokuken hett wier sou minimal dass een se nik giff bemierken)

mengen ech muss mech o mol mat Gedold an Stärenfotoen beschäfteschen!hehe smile
pol9000 28.06.2009 - 20:11
Satellite mecht schon Senn,

Ee Beobachtungs oder Forschungssatellite ass emmer ob enger Polarer Orbite fir daat en dei ganz Aerd iwwerflitt, an dommat wier deen wenkel vun ca 90° zu deenen aneren "Strecher" erklärbar...
Masterpii 31.01.2009 - 00:48
Ech tippen mol drop dass et en fliiger as deen duech geflunn as?!?
OK-Photography 01.02.2009 - 02:27
hmm...schwirich Aufgab...hun probeiert se mam PS ze leisen mee iergendswei huet dReduktioun fun den Stricher zu Punkten och net soufill Senn ergin...
wansde dFoto gekippt hues sen ech souwisus komplett verluer!:p
eenzecht waat also blaift as eent fun denen gängeschsten ze nennen: den Orion? eenzechen Beleeg dofir wier dass ennen riets een ZIMLECH hellen Stär as waat duerchaus den Rigel (6hellsten Stär um Himmel!) kiint sen, respektiv uewen dei drai Betelgeuze(20hellsten), Bellatrix an den Sternhaufen Lambda Ori...(dei allen drai och net schlecht sen waat dHellechkeet ugeet)
hun awa weinech Duerchbleck waat dConstellatioun ugeet...as zimlech kaotesch...mee dei meescht Lait kennen net fill mei wei den Groussen Won an den Orion...... ;p
tellme closed_eye

Fliiger wier joh schons geklärt...Satelit as et keen, den blenkt net...cool


@Kommentarer allgemeng: ech sen o generft an der Läscht!kent zimlech fill inhaltsloses oder einfa nemmen SPAM amplaatz serieux Kommentarer zu Fotoen...wann et net schons puermol den Fall gewiecht wier giff een baal soen LO wieren ma dann op den Hond komm.... :/
meng devise: net steiren lossen an op dei hoffen wou NET kannerech an domm sen mee eppes ze zielen hun waat intresseiert! smile

Neckel 01.02.2009 - 02:49
closed_eye hehe

Merci fir dein Comment ... gin lo net weider drop an smile
OK-Photography 01.02.2009 - 14:43
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 282 Gäscht online