Nach sou Fotoen vun London:
http://gloda.net/20081230-london. Ech hun déi Galerie aktualiséiert, den Panorama vun der Tower Bridge as lo an voller Opléisung drop.
Déi hei Foto as näischt besonneg Originelles, et get genuch Postkaarten mat deem Motiv, mee ech wollt dat eemol mat HDR kombinéiert probéieren. Op dëser Platz soen ech dem Shantideva merci, deen mer erklärt huet dass een vir en anstännegen HDR eng Serie brauch wou an der donkelster Foto näischt méi iwwerbeliicht as, an an der hellster Foto näischt méi ënnerbeliicht as.