Dei Photo (keint daat lo als Kommentator sou duerstellen) as an gudden 5 Minutten um megakaalen Buedem an den Hocken entstaan, well dei dreps all 2 Sekonnen gefall koum. Daat doten as dann och d'Auswiel aus vläit gudden 20 Fotoen ech hun dun och nach e puer Minutten selwer probeiert, an hun och eng ähnlech.
Iwert d'Faarwen maach dir keng Suergen, ech fanne se gudd. D'gesäit sou aus wei geschter an Realiteit.
Also mir gefällt d'Photo gudd. Ass en interessant Motiv wats de ganz flott photographéiert hues. Och vun de Faarwen hir hun ech eigentlech naischt weider auszesetzen. Ass eben einfach vum Motiv hir lo nët onbedingt eppes wat wahsinneg faarweg ass, mee dat muss jo och nët ëmmer sin.