Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

She's reading

 
She's reading
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.11.2008
  • Gekuckt:
    26418
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/20
  • Blend:
    f/1.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x495
  • Späicherplaz:
    196 KB
  • Originaldatum:
    09.11.2008
  • Fotoapparat:
    NIKON D40
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=31923]
Kommentar vum Fotograf:
Hei ass mol meng Foto vum Contest. Villmols merci un all déi déi fir se gevote hun :)
KeeBlitz 24.11.2008 - 09:38
D'Stëmmung wéint der Téinung huet mer un dengem Bild gut gefall!!
KeeBlitz 24.11.2008 - 13:13
ech Trottel, hu vergiess der ze gratuléieren, hat dat awer mat mengem comment gemengt closed_eye)
marischen 24.11.2008 - 13:32
merci smile
Focus 24.11.2008 - 10:27
Hey marischen - kikin' as... Gratuléieren
marischen 24.11.2008 - 13:32
merci closed_eye
DeMich 24.11.2008 - 13:23
ech fannen dass et eng flott foto as, mee d'thema vum contest as verfehlt... well ech erkennen do keng freedcool
marischen 24.11.2008 - 13:32
Daat ass eng Interpretatiounssaach smile An sougesin kann een bei baal kenger Foto aus dem Contest WIERKLECH Freed um Liesen erkennen.
Dan 24.11.2008 - 14:10
Also mir gefällt se immens gutt!
Nicon07 24.11.2008 - 14:40
Di do fannen ech och ganz gudd. An ech sin net der Meenung, datt se de Sujet vum Contest verfehlt. Freed maachen heescht jo net automatesch sange, sprangen an danzen a smilie-mlissech drakucken. Liesen as eng stëll Freed, quasi intim, an hei get di Freed durch den zärtléchen Touch vum Fanger um Pabeier ausgedréckt. Gell du, marischen!

Du hues eng gudd Arbécht hei geliwwert.
marischen 24.11.2008 - 14:50
Hätt ech net kenne besser beschreiwen closed_eye Merci villmols
DeMich 24.11.2008 - 17:09
ech hu jo och net wollte soen dass onbedengt e clown haanert dem buch misst setzenclosed_eye
...mee di pose mam fanger iwwerzeecht mech net vun freed...well dat heescht meechtens, dass ee midd as, oder een de fanger brauch fier ze wesse wu een drun as (kennt jo mol fier dass een sech and er zeil iertcool), oder fier oofzeschreiwen.. soit, dat si lo lauter perseinlech sachen di ech mat dem geste verbannen dofier man ech lo net direkt den lien zur freedsmile
Nicon07 24.11.2008 - 17:26
Sou gesin hues du net onrecht. Et kann een hei vill dran interpretéieren.
marischen 24.11.2008 - 17:27
Ech verstin wats de mengs, mee ech woll iergendwéi de "Mensch" an déi Foto brengen an ouni déi Hand do wier nun mol kee Mensch do gewiecht smile
Maimonides 24.11.2008 - 21:13
Fannen ech och, an am Résumé: mam Fanger liest een nët, à moins dass d'Schrëft "Braille" wier.
"Lecture tactile" gëtt ët nëmmen an der Blanneschrëft.
Vileicht kënnt vun dohir dee klenge "Malaise" ?
elmuzo 25.11.2008 - 01:34
Deng Approsch ass méi einfach an léisst doduerch Plaatz fir z'interprétéieren. Däin subtil ausgewieltenen Schärftenverlaaf reduzéiert genee do wou en soll an mecht d'Stärkt vun denger Prise aus, ausserdem spillt di dezent Téinung nach eng Haaptroll. D'Zesummenspill vun denen Fakteuren an denen wou ech elo nach vergiess hun (closed_eye) maachen dats de uewen op der Trätonguepchen stees. Gratulatiounen.
REGARDS 'n CHEERS
MUZ
Charly 25.11.2008 - 07:50
Gefällt mir ganz gud. Tip top! (obwuel ech zoustëmme muss dass den Thema vum Contest nët offensichtlech ass - fir mech als Liesraat schon, mee nët fir jiddereen).
klodinchen 25.11.2008 - 17:46
Ech fannen dass d'Foto ganz gudd gin ass (de fanger do gehéiert mir tongue) mee ech denken dass et iwerhapt schweier ass eng Foto ze machen wou een wieklech gesäit dass d'Liesen grad Spass mecht. Liesen mecht am allgemengen selten "Spass" et ass eichter eng Leidenschaft wann ech daat mol sou soll son, eng angenehm, roueg Beschäftegung, dofir geif ech son dass den Titel vum Contest och bessen schlecht gewielt war. Dogeint gouf et schon aner Titelen vun Contest'er dei ganz kloer ze verstoen waren wei "Makrophotographie" an trotzdem waren vill Fotoen dobai dei absolut naicht mat Makrophotographie ze din haten, och ganz uewen bei den gewielten Fotoen.
marischen 25.11.2008 - 21:52
jopcool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 520 Gäscht online