Den Anthony Molina, Bassist vun Mercury Rev, den 16.11.08 am Atelier.
Hei haat ech mol eng Kéier d'Autorisatioun vum band Manager fir mat Blëtz ze fotograféiren (vläicht och wéinst dem Luuchtentechnker séngem massiven Asatz vun Strobo-Luuchten)!
Leider ass et awer immens schwéier fir op Concerten mat Blëtzer ze experimentéiren, an Erfahrungswerter ze sammlen.
Dofir géif et mech interesséiren waat dir vun dëser Foto an och vläicht vum
Rescht haalt.
Ech hu schon genial Concerts Fotoenmat Blëtzer gesin, mee et ass delikat an immens schwéier.
Wann also och een Vierschléi huet zum Asatz vum Blëtz op Concerten sin ech immens dankbar!