Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

evolution

 
evolution
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.11.2008
  • Gekuckt:
    30042
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x734
  • Späicherplaz:
    203 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Natur »» Blummen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=31796]
Kommentar vum Fotograf:
kleng Spillerei..

..vergiesst hei nët de klick !
OK-Photography 16.11.2008 - 20:44
huiii eng Amaryllis!!sen herrlech Blummen!smile
schoin beliicht an zesummengessat!propper, einfach gehaal, scharf...hmm...wees schon nees nik waat een MEI weilt!! cool
wier wascheinlech eng 10/1o gin...XD XD
galileo 16.11.2008 - 22:55
Merci !!
Kwitchibo 16.11.2008 - 20:47
nach besser wär se fir mech wann dei leschten Foto och den Still vun lenks no rechts gangen wär!

mbG
galileo 16.11.2008 - 22:58
Jo, dat kann een, muss een awer nët esou gesinn.

Ech hu mir déi Fro och gestallt - an et dunn awer sou gelooss - grad wéinst der schéiner Asymmetrie.

Mee ech akzeptéieren awer wann een et anescht bësser fënnt.

Merci fir deng Remarque.
Kwitchibo 18.11.2008 - 00:33
uiii ech villen mech geeiert das de se akzepteiers....
Nicon07 16.11.2008 - 21:23
Bass du elo ënnert d'Lifstyle-Fotografe gaangen?? Oder schaffs du well fir eng PR-Agence? Dat hei as net schlecht, Monsieur! Bravo!
galileo 16.11.2008 - 23:00
Ooh, merci Monsieur closed_eye)
Maimonides 16.11.2008 - 21:38
Waer awer nach besser wann se richtig schaarf wier. Duerfir, an och weinst dem Kwitchibo senger Remarque, geif et vu mir eng 9/10.
OK-Photography 16.11.2008 - 22:13
hmm...gesin nik wierklech wous du en problem mat der Schärft gesais...closed_eye
galileo 16.11.2008 - 23:02
Kanns du mer och soën, wou d'Schärft an dengen Aan feelt ? Hues du och drop geklickt ?
- fir dem Kwitchibo seng remarque - cf Äntwert bei him.

Merci !
Maimonides 16.11.2008 - 23:16
Wat soll deng eischt Fro... ?
OK-Photography 16.11.2008 - 23:18
huch...an ech duercht mir giffen iwer SCHäRFT schwetzn, nik iwa FROEN.....njah...hun mech wuel geirt...
Maimonides 16.11.2008 - 23:24
Sry, ech hun de Saaz falsch verstaan well e liicht 2 deitig ass an net esou gemengt war wei ech e fir d eischt verstaan haat.
Ech hun effektiv d Impressioun dass se net richtig schaarf ass, kann awer och u mengem Ecran leien.
Exzellent Foto trotzdem, a wann et u mengem Ecran leit dann 10/10, an net nemmen 9/10
galileo 17.11.2008 - 08:19
Merci !

Ech hun nom Verklengeren nët méi nogeschärft - ka sinn datt daat déi Impressioun vun "nët richteg scharf" gëtt....wëll all eenzel Foto u sech ass scharf (genuch).
annemie 16.11.2008 - 23:55
Drop klicken...lount sech closed_eye bigsmile
Absolut genial dei do!
elmuzo 16.11.2008 - 23:59
also wann déi net schuarf ass .. mmh .. an effektiv, wéi de Nico schreift, mengen ech, hues de hei awer een kräftegen BRAVO verdingt
TomEwert 17.11.2008 - 17:28
super konzept, gudd emesetzung. faarwlech gudd ofgestemmt. gudden postprocessing. einfach nemmen gudd.
Mochel 18.11.2008 - 17:11
gefällt mir och ganz goud

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 358 Gäscht online