Klassesch Iddi, déi normalerweis funktionéiert, mee hei ass den Horizont genee an der Mëtt an daat villt Schwaarz ënnen ass opdrénglech. Schneid den ënneschten Drëttel ewech, dann ass et gudd. Allerdings ass och d'Fuerw e bëssen komesch. An firwaat eigentlech ISO 400???
Tjo, weisou ISO400, zimmlech einfach, dei Photo hun ech einfach schnell esou zweschenduerch geknippst, zweschen aaneren wou ISO400 neideg war, an nët weider un den ISO geduecht
Ech hun deier Ënnergäng schon ëttlech geknippst, an dest huet mer am Endeffekt nach vun den Faarven hier gefall (do ass nët drun rëmgespillt).
Misst mol probeieren en "Panorama" draus ze schneiden, also d'Breed loossen, an ënnen vum schwarzen ewegschneiden... Ech schneiden just nët gären un Photoen, denken daat sollt een beim Knipsen schon machen, wann nët, dann ass dei Photo eben neischt gin
Also wanns de Panoramen wëlls, dann kënns de net em d'Schneiden erëm, ausser du keefs extra eng Panorama-Kamera ... An deem Fall (Panorama) sollt een daat villäicht net esou eng gesin, oder?