D'Foto ass jo ganz okay, awer den Sujet ass jo lo wierklech net nei Dem Sir Norman Foster sain Gebai am Hannergrond hätt mer besser gefall. Awer dat ass vlaicht erem just eng adg...
Et ass flott daat de Sujet hei mol aanescht duergestallt gett.
Wann ech lo géiff sichen goën: D'Verdäischterung (oder wéi nennt een daat?) vun den Ecken ass mer bessen zevill extrem... haaptsächlech uewen lénks an ennen lénks.
Wat? Bloen Himmel? Vläit hätt ech awer net sollten éischter heem goen Mee bon mer hun och esou schon allen dräi gepennt um Zuch fir zréck.
Gefällt mer gudd mat den Linnen. Dat eenzeg wat s de nach séier maachen kanns as déi Reendrës uewen riets erausstempelen.
@Kleent: Mat den ecker hues de effektiv recht, merci
@ Gloda: Den himmel hun ech dohinner gepescht ) (een uvn mengn extreem seltenen montagen :P ) Mais, à propos vun den reendreppsen. Dei hun ech och cool fonnt, wann ech weisst wei een deen efekt am PS maan keint, geing echder nach 1, 2 dohinne peschen