Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Falling

 
Falling
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.10.2008
  • Gekuckt:
    34832
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    14 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x1024
  • Späicherplaz:
    322 KB
  • Originaldatum:
    ..09.10.2008
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie
2. Kategorie: Just for fun »» Fotoen vun Photogen User
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=30905]
Kommentar vum Fotograf:
geschter no Feierowend mam Jona

Challenge: Upside Down III
Type: Exclusive Open Challenge
Rules: Basic Editing
Submission Deadline: Tuesday, October 14th, 2008
Jeanny 10.10.2008 - 12:13
Esou spektakulär soll ech Philh. Knipsen smile))) Nee da bleiwen ech bei menge Blimmercher à Insektensmile))
Hues de super verschafft, schei Collage
Focus 10.10.2008 - 12:41
nix collage smile ... Basic Editing !!
Jeanny 10.10.2008 - 16:26
waat ass daat dann, hu bei Google gekuckt, me do steet alles op englesch
MarcGerard 10.10.2008 - 13:08

cool!
(super jona!!!)
gloda 10.10.2008 - 13:18
Du mëlle Fësch! bigsmile
Shantideva 10.10.2008 - 13:42
Den Hummer (...fir deng Wieder ze gebrauchen)! smile
JADE 10.10.2008 - 15:39
wéivill Zänn hun ët nët gepackt ?? ... smile)
galileo 10.10.2008 - 21:13
Richteg cool !
JADE 10.10.2008 - 21:19
an nach eng Kéier well ët esou gutt ass ...
also wann déi sech nët ganz vir plazéiert ... dann ... dann ...
euhmmm ... bein dann gëlt nach ëmmer den no risk, no fun closed_eye)

edit:
villäicht bemängelen se déi fehlend Hand ... mee ass awer esou gutt dass een déi och vermëssen kann
Shantideva 10.10.2008 - 22:11
Ech gief mol soen dass et genau daat mecht waat daat Bild ausmecht. Wann een sou ganz an der Hektik eng Foto mecht vun enger Persoun déi grad d'Philharmonie erooffällt, dann ass een frou wann een déi Persoun iwerhaapt op d'Foto kritt. (Den Making-Off huet heimat neischt ze din) Mat der ganzer Hand drop gief se secher Fake ausgesin. smile Zevill "tongueerfekt" wier net gudd hei, gief ech soen... smile Ech denken des Foto kennt bestemmt ennert déi eischten drei!
JADE 10.10.2008 - 22:25
total matt dir anverstaanen ... smile

an e puer Sekonnen, an am Schreck vun der "reeller" Situatioun(zemols wann ët och nach säin eegen Läusbouw ass! ah jo: Jona, ech muss dir awer elo d'Wourecht soen ... den Harry Potter ass nëmmen eng Fictioun ... jo, jo unhappy ...) denkt een sëcherlech nët un den Cadrage an un d'Unweisungen zur perfekter Pose an Mimik

ech denken esouguer dass ët déi éischt kann gin, ouni déi aaner iwerhaapt gesin ze hun
Shantideva 10.10.2008 - 22:36
Ma dann halen mir him mol d'Daumen! smile)))) Op der aanerer Seit war daat wirklech schon eng akrobatesch Leeschtung fir den Jona :-S
Focus 11.10.2008 - 10:22
Top 3 flait net... Top 10 wier cool an flait och dran...
Maimonides 10.10.2008 - 23:21
erooffaellt?
Da waeren d Faalen vum Hiem aanischt an d Hoer vum Bouf och.
Iergendwei passt dat net.
Maimonides 10.10.2008 - 21:48
Ouni de Making off ass des net ze verstoen.
Da reicht weess een wat s du eis wells soen.
Hei fehlt mei wi eng Hand, och den Arem ass bal net do,
dee rietsen: an de Sailen verstoppt.

De Making off ass besser wi d Resultat.
Meng Meenung: wann s du se schonn "Falling" nenns, da passt des Mimik net.
Wi gesoot: meng Meenung.
Focus 11.10.2008 - 10:18
@Jona . Fotostouren mat dir sin den Hummer, Thx!!

@all Merci fir den Feedback.

Hei nach e puer Erklärungen.

@Jeanny Basic Editing heescht das de ausser Contrast, Farwen, Sharpening, Crop dein Bild net därfs veränneren. Wans de zum Beispill géifs en Pickel ewechretouschéieren; dan bas de schons disqualifizéiert. Regelen sin IMMENS strikt!

@JADE Shanitdeva Maimonides
Fir dëst Bild get et also 2 Méiglechkeeten, entweder Hand um Gelänner an et as en Handstand; oder eben ouni Hand, an Foto kritt eng ganz aaner GEschicht mat e bessi méi Action. Leider as ouni vill Obwand et net dran fir déi 2 Hand mat dropzekréien. Ech wéilt ech haet emmer en 3Meter Trampolin derbei - waat géifen mir eis ameséieren. Soubaal déi obbloosbar Versioun do as...

En weideren Problem as Zait. Normalerweis hun ech 1 Ston fir Contest Fotoen ze machen. No ärem Feedback kann ech dan (selten) eng 2 nachen wou ech Idien mam Opwand ofweien. Et kéint een ZB lo nach Hoer mat Gel stylen fir den Fall besser ze simuléieren, mä un sech sin ech zefridden genuch.

Feelt mer just nach den Titel. " Try landing like a cat..." ???
Maimonides 11.10.2008 - 16:43
Dem Jona seng Gesten erennere mech u Fleien (horizontal) awer nach mei u schwammen (lenken Aarem)...
An der Bibel gouef et Jonas dee vun engem Wal erem rausgespaut gin ass (Philharmonie = Bartwal ?!!!)
Also, mat ganz vill Fantasie, Titel: "JONAS" smile
oder wann de Jona dann awer geif eroffalen: "E pericoloso sporghersi".
Ganz flott Foto, mais de Kontext vum Contest muss ee kennen.
torte 12.10.2008 - 02:36
selbstmord???
Focus 12.10.2008 - 09:05
natirlech net
Focus 25.10.2008 - 09:48
Place: 10 out of 169
Avg (all users): 6.4566
Avg (commenters): 7.9286
Avg (participants): 6.0909
Avg (non-participants): 6.5814

merci fir är Hellef.
JADE 25.10.2008 - 21:41
ooh tolllll daat Resultat !!
B-R-A-V-OOOOOO smile)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 519 Gäscht online