Dat war main éischten Studioshoot (Studio war natirlech nemen ausgeléint:) ).
Ech wees do sin Hoer beim Mond, wollt se schon wegmaan mé dun hun ech fonnt dass déi eben grad gut do sin wou se sin...
dei Hoer beim Mond steieren mech nët, bien au contraire,
mais mam Schnëtt vun den Hänn, do sin ëch mir nach nët sou sëcher
gi lo mol op e Jazzconcert an muer kucken ëch mir d'Foto narmol un ))
sou, do sinn ech rëm .
aaaaalso, an sëch gefällt mir dei Foto a natierlëch dei Persoun , gudd,
ëch ka mëch just nie mat dëser - Teinong - ufrënnen, mais, daat wier jo seier geännert !
de Schnëtt vun den Hänn as an sëch och nët sou daat gielt vum...apart uewe riets (seng lenks Hand), daat gefällt mir nët, geseit iergendwei - onnatierlech aus .... mais, mei Blëck gët souweisou ëmmer rëm op d'Aaën geléet !
waard mol, wat nach aanerer hei schreiwen .
ok sin frou dass d'aan souvill op sech zéien, sos giff dat mam "onglecklechen" cadrage nach méi opfaalen. ech probéiren dat dann next kéier bessen anescht ze maan.
de Bléck zitt ganz stark un an mecht dat heiten Bild aus (soll jo sou sin )
mech stéiert och den Arm op der lénker Säit. et as eben net nemmen d'Hand, dofir geseit et komesch aus. Den Ielebou hätt missen méi no bausse stoen, sou dat evt nemmen Fangeren an den Hoer wären.........du kanns awer do elo net méi ofschneiden, soss hänkt de Baak ze vill um Bildrand
Wat mer nach e besse félt, as dat d' Blouse sech net vum HG ofsetzt, hätts de kennen eng kleng Liichtofstufung kenne machen
hallo, also fier dain eischten studioshoot, ass der des foto awer super gelongen
schein schaarft gesiicht an flott douce farwen , d hoer um mond steieren mech net.
Mech steiert just eppes waat an mengen aaen net sou tragesch ass, daat sin d'hänn respectiv d'ärm , et wier flait net sou schlecht gewiercht dei ob der foto dropzeloosen oder guer net drop ze hun.
Et ass immens wéi staark d'Aen main Bléck unzéien. Sou intensiv hun ech et hei nach bei kenger Foto gesin.
Zu den Hänn ass jo schons alles gesot gin, dofir hei just en butzegen, wierklech klengen Détail:
Bei sou engem direkten Bléck stéiert mech datt d'Aen net op enger Linn leien. Dat ass bei denen meeschten Portraiten zwar egal an vläit och erwenscht me hei mecht dat ganz vill aus.
(an fir all déi, déi elo iwert meng Iezenziellerei hierfalen, probéiert et virdrun aus)
Merci fir den Kommentar Daat mat den Aan war mir guer ent opgefall dass et net op enge Linn wieren, ech hun déi kleng Tricker och nach net sou raus op wat en oppassen muss