Hei mei eng aal Foto dei ech schons eng Zait um Computer haat an se ni online gesaat hun, well mech Heizung irgendwei steiert. Ech wollt daat se mei zum Virschein kennt, mengen ewer dat dest mer net esou gelongen as.
Di Fensteren hues de net gudd hikritt, geseit aus wei wans de mam Nachbelichter (Geigensteck vum Abwedler) driwwer gefuer wies. Foto ass schon en DRI, oder?
Kadrage an Location sin awer cooll!
Jo et as en DRI, den Balken an der Mett vun deenen zwou Fensteren wor esou schwarz op der Originalfoto. Fensteren woren mega hell esouguer nom DRI nach daat ech daat gemeet hun waats de geschriwwen hues.
Hui! Daat ass jo eng interessant Location. Du häss se eventuell aus engem aaneren Wenkel kennen huelen. Elo versperrt dir d'Heizung de Blëck e bessi op deen anneren Raum. Wann een awer net op der Platz war ass et schwéier ze beurdeelen. Gudd geschafft awer!
Also mir gefaellt se! amplaaz dei Heizung als steierend ze gesin keins de se duerch nach ee liischt aanere Cadrage zu engem interessanten Bestanddeel vun der Foto maachen ... ech fannen se sou scho gudd, deng Tein a verarbeschtung gefaale mer immens