gesait aus wi wann den hannergrond mei scharf wär wéi hien du hess flait sollen oppassen op hien scharfzestellen
an d'WB ass derniewt, kerzenlicht wär besser gin maach se flait einfach raw
wuar dei schreft um gebei?
Awer wierklech, hei hues de jo wierklech alles falsch gemaach. 't mengt ee baal et wier express.
Vun wou kënnt d'Luucht? Misst do net enzwouech en Luuchtepoteau stoen?
Jo lo wus de et sees dem schiirt no misst se genau iwwert em sin jo... mee mengen d'wuar eng just riets iwwert em an eng lénks... dofir gesait et aus wi wann se iwwert em wär...
Zur Schrëft, vu dass ech net dovun ausgin dass déi Warnhinweiser an Earth Normal geschriwwen gin huelen ech mol un dass de se dobäi gesat heus. Wat s de do nach kéins maachen as se bëssen opzehellen, ech mengen souguer schwaarz Faarw géif do nach en bëssen Luucht erëmgin. Wat och nach cool wier wier en Displacement Mapping mat der Metallmauer als Source, dann passt sech d'Schrëft der Form vun der Mauer un, do wou se méi no fir kënnt misst se jo liicht eropgoen.
Wéis de gesäis kann ech nëmmen un den Detailer nörgelen, d'Foto gët mer Loscht mol den X-Files ze kucken.
Bei der Schreft lais de richteg, huelen normalerweis keng su komplizéiert schreften, mee di haat ech meg iergentwann mol roofgelueden mengen ech an ass ma an d'aan gefall beim sichen no enger aanerer Haat dat mam displacement mappint probéiert, haat awa na net su geklappt, muss namol testen... hei wollt ech et zwar net, well dat d'schreft dropgesat ausgesait, mee ass gudd ze wessen dat et geet! an wéi et geet...
hahahahahah seelen sougudd ameseiert!!!dir sedd den hummer!
hmm...muss dem Gloda op sämtlchen Punktn reschtgin!
dFoto gefellt mer duerch dOnschärft an dei orange luuscht...
wansde lo na een RISCHTECH ausserierdeschen Model geholl hess.... hehehe
kent awa gudd riwer sou an sengn Allstars!
Onschärft as hefteg mat Blend 1.2 an Vollformat, baal net richteg méiglech ouni Live View an 100% ruzoomen dat ganz schaarf ze kréin ouni Sucherloupe. Kann een sech gudd ameséiren mam Objectiv a mam Marc
hui...ok....
wisous mecht dann do den autofocus seng Arbescht nik? dRillen an dGras ennen missten dem awa duergoen nee?
(seidenn et wa sou daischter dass en et effektiv nik mi kont man...hmm...)
gesait wirklech bessen onheemlech aus ...
daat waat e nach fum marc sengen aa gesait gefàllt mer, daat liicht roud do .... an dass en seng hänn net gesait gesait nach fill mei psychadelic aus ... zu schreft, fannen se ok, et gesait en zwa dass se drop gesat as me get awer nach. Dei orange luucht as eben fun deenen luuchtepotoen ...
lo zu fro: wei a wat as " displacement mapping " wou fannen ech dat ?? merci beacoup
Mengen mol de Gloda haat d'Richtung vun der Luucht gemengt, net d'Fuarw? also huele mol un...
d'Fuarw wuar hefteg orange... sou orange wi se hei ass haat ech se op 2500 Kelvin agestallt!
hätt een zwar nach kennen raushuelen, mee dat huet mer gefall
D'schreft sollt usech ausgesin wi wann de sropgesat wär, net wi wann se um Gebei wär.
Merci