Zu Rügen (mei genee zu Lohme op Rügen) hun ech 2 Landartisten begeint, dei Eidechs aus Steng ass engt vun hirren Wierker.
Einfach an de Mettelen, grouss vun der Wierkung.
Leider wor d'Wieder net sou genial… ;-)
Villmols Merci!
Freet mech datt se der gefällt!
Landart ass ememr rem flott, mein Lieblingskentschler an deem bereich ass ganz kloar den Andy Goldsworthy
Wat u Landart och ememr sou flott ass, ass dei Vergänglechkeet, an d'Foto gett eigentlech hanneno zum Medium, dat an den Ausstellungen, Bicher, Internet d'Konscht präsenteiert
Gefällt mer immens gudd. Schéin, duus Faarwen, mee mat fill Ausdrock. Ech mengen d'Foto ass besser esou, wéi wann super Wierder mat Sonn gewierscht wier.
Ech haat Ufanks gemengt, du häss d'Eidechs selwer sou dohinnergeluercht... daat wier och nach e Bonuspunkt gewierscht
Merci!
Nee, also ech selwer sen net drop komm fier Landart ze maachen…
Mer guffen zwar op Première matt 4 Landartisten konfronteiert, mee selwer kumm ech zu Rügen net drop och mol sou eppes ze maan.
Well vill stecht net derhannert, mee d'Wierkung ass einfach immens.
Mee da muss ech dat d'nächst Vakanz mol aplangen…
Neenee, waren 2 Landart-Kënschtler do um Strand, a well ech grad matt menger analoger Nikon ennerwee war, hun ech eng Foto dervu gemaach, dei 2 hun sech och doriwwer gefreed.
Villmols Merci! (Wann et sech op d'Foto bezitt)
D'konscht kënnt leider net vu mir, och wann een do zu Rügen duerchaus mol ob dei Idee hätt kinte kommen.