Muss dem Marc zoustemmen. D'Vignette passt iergendwéi net, ob jiddefall mol net an deem Mooss. Se ass mer ze platt.
Ech hun lo virun kuerzem réicht d'Funktioun "color burn" am PS entdeckt Domatt gett d'Vignette net su platt. Kanns et jo mol probéieren.
Jo, stemmt, se passt ob jiddefall net bei den hellen bloen Himmel. Ennen op de Steng geseit een se bal net an uewen ass se zevill präsent. Bei sou enger Foto gief ech vieleicht guer keng Vignette machen, oder just nemmen d'Ecker oofdonkelen. Soss ass se awer ganz flott!
Ulaluti Wonnerschein Landschaft, an de Cadrage leet schein an d'Deift...an do steiert d'Vignetteirung mech och ass bessen bedreckend an passt sou guer nitt zum Recht vun der Foto...an d'Sonn gett oofgedonkelt...mee soss wierklech flott Foto! Bei de Steng keint ee baal mengen se wieren 3-dimensional