Et war relativ kaal, an sin allgemeng net sou zefridden wéi et gin ass, well ech haat mer et besser erwaard. Trotzdem fannen ech et net schlecht an géif mer mol gären unhéiren waat dir sou driwwer denkt.
Natirlech keint den Himmel méi schéin sinn, mee daat si mer hei am Land jo gewinnt ... Fannen se allgemeng gesin awer nët sou schlecht, mee wee wees wéi se einfahc ganz ouni Bus äusgesin hätt
Ech fanne nët dass de Bus stéiert. Am Géigendeel. De mëscht aus der Photo eréischt dat wat se ass. Ouni Bus wier ët eng vu villen Wanterlandschaftsphotoen. Fir de Rescht huet de Mogway alles gesot wat iergendwéi nëmmen zu dem Bild ze soen ass
Mir gefällt ët op alle Fall immens gudd! Flott Rumm iwregens och!
Merci amBesch, ech maan meng Rummen esou: Ech maan déi selwecht Foto nach eng Kéier méi grouss hannert d'Haaptbild, an dann mat dem Filter "Gaussian Blur" am Photoshop, mol méi mol manner. Dann huelen ech den Stempel an korrigéieren ech déi Plaatzen wou erausstiechent Faarwen sin, well se duerch d'Vergréisserung vum Bild versaat gin (hei: Baamstämm). Dono nach eng denn Rumm vun 1 Pixel rondrem daat klengt Bild an enger Faarw, déi allgemeng Bild représentéiert, dass se net zevill opfällt.
Wanns de also sou Rummen wells maan, lo wees de wéi Vill Spass!