Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Field

 
Field
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.08.2008
  • Gekuckt:
    17223
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    383 KB
  • Originaldatum:
    2008:07:31 07:15:52
  • Fotoapparat:
    DSLR-A700
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=29338]
Kommentar vum Fotograf:
Lo neischt su besonnesches, mee wollt nach en puer Landschaften aus dem Ballon weisen ...
ApplEric 13.08.2008 - 20:28
Ech fannen sou Landschaftsopnahmen aus der loft ememr rem immens flott, do geseit een d'landschaft matt aaneren Aan.
Hun e ganzt Buch matt Fotoen vun Holland aus dem helikopter, dat fehlt nach vu Letzebuerg!
Du mess den Ufank Neckel! ,-)
An dien ass der duerchaus gudd gelong! Mir gefällt se.
Minimalistesch gehal ass oftmols dat flottst. smile
Neckel 14.08.2008 - 01:13
Merci fir dein Kommentar smile
Kiichiii 13.08.2008 - 20:29
Lo hues de dei robgelueden wou mir am allerbeschten Gefällt smile Zu dar Idee, dar Emsetzung kann ech just wow soen! An ebes auszesetzen geht et hei och net!
Neckel 14.08.2008 - 01:15
Dach dach ... eppes steiert mech : dass d'Felder net roud weiss blo waren smile
Kiichiii 14.08.2008 - 05:53
Ginn dir se unmolen, dann kannst de se nachmol pobiern, me giff se dann egal wie net mei flott fannen bigsmile also hun ech (rem!) recht!
gillez 13.08.2008 - 20:45
ja naischt besonnesches mee daat brauch eng foto och net fie flott se sin dei doo gefällt ma wirklech gudd och de cardage an daat as vlait net esou einfa aus engem ballon
Neckel 14.08.2008 - 01:14
Hehe et geet, also bei Hechstgeschwindegkeet kriss de mam Tele ferm Problemer fir ze fokusseiren bigsmile An den Moien war et relativ lefteg. Mee mam Weitwenkel haat ech net vill Problemer fir mer hei alles zurescht ze setzen smile
Metalbambi 13.08.2008 - 21:07
Wier vier mech perfekt wan den lenksen iewegten Eck genau d'Mett vun daer mettelser Streif geif maachen. Verstees waat ech mengen. Den recht ass genial, Minimalismus ahoi!
Neckel 14.08.2008 - 01:16
Ah stemmt ! Gutt gesin smile
Maimonides 13.08.2008 - 21:41
Wann d Spuren vum Tracteur net waeren, keint ee mengen et waer een Tapis.
Exzellent.
Neckel 14.08.2008 - 01:18
Ma ech wär frou wann ech sou een Tapis hätt ... hun nach keen fond an denen Faarwen smile

Merci fir den Kommentar
Jean-Jos 13.08.2008 - 22:16
"Lo neischt su besonnesches": einfach kann heiandsdo staark wierken wéi hei; nët nëmmen eng schéi mise en scène, mee och flott mat dene pastell Faarwtéin
Neckel 14.08.2008 - 01:19
Ne ? Sen deck frou op SONY ze sin ... fannen d'Faarwen super (das lo am allgemengen gemengt ... )

THX fir dein Kommentar
Metalbambi 14.08.2008 - 17:44
Yeah, dan si mer schon zu 2 begeeschterten Sony-User!!
Ween nach? Mellen w.e.g.! cool
galileo 14.08.2008 - 00:05
Flott abstrakt Duerstellung vun der Natur. Gefällt.
Neckel 14.08.2008 - 01:20
Schéin een Kommentar vun dir ze kréien ! Merci
OK-Photography 17.08.2008 - 03:25
hehehe smile also op den eischten Bleck hett ech lo baal den Fotograf fun dem Steck hai verweeselt....tongue

gefellt mer suppergudd, haaptsächlech well se sou einfa as!!

wöll o enka Ballon fueren!! XD
Jeanny 14.08.2008 - 07:06
schei Foto, vun do uewen
mmphotos 14.08.2008 - 09:17
Einfach nemmen eng ganz ganz flott Foto
Dan 14.08.2008 - 10:28
Ech schléisse mech hei un:
Einfach gutt!
Neckel 14.08.2008 - 11:00
Merci fir är Kommentarer smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 253 Gäscht online