Ganz am Geigendeel. Dei frendlech Häeren vun der Vulleschutzliga hun mech gefroot op ech schon esou een gesinn hätt. Si haaten grad een agefang fir en ze berengen an an d Datei opzehuelen. Et war grausam Chance.
Eisvighel sin zimmlech einfach ze fannen, wann een wees op waat een lauschtere muss. Et geseit een se bei Baachen, Weiheren an Séien, wou Fesch drasin, p.ex Uelzecht bis and d'Staadt, Baggerweiheren etc.
Se hun e ganz schrille kuerze Ruff, deen se meeschtens ausloossen, wann se opfléien oder laanschtfléien, and dann geseit een och e bloe Bletz, well hiert Reckegefieder vill Luucht reflektéiert. Mee et sin schei Déieren, and sou no, wei hei beim Beréngen, huet een ganz selten nemmen d'Chance, fir se an all hierer Pracht ze gesin. De Vull op deser Foto as en Männchen, an e jonken nach dobei, ze erkennen um schwaarze Schniewel (d'Weibchen huet en orange Fleck um enneschte Schniewel) and der net ganz sou strahlender Fiederpracht (adult Eisvullen sin nach mei schein, mee beim Beréngen sin et meeschtens di Jonk déi gefaange gin). Oh sorry fir dee laange Beitraach, an vill Gléck beim Eisvillerchers-spotten