Iih was dat doten dann ... Den Honda passt vill besser bei dech ... Kann der net vill Gescheites zu DRI soen, mee wat mer bei der Foto obfällt : lenks ass mer bessen zevill Plaatz nach ... hätt se bessen mei no riets gesaat ?
Ech sin och leiwer mam Honda gefuer Mee daat kent och nach Mam cadrage probeieren ech mol nachengkeier en bessen. Mam DRI, gefaellt et der dann sou oder eichter net?
Den DRI gefällt mer schon, mee mier ass et een Tick ze deischter, an vleicht en weineg mei Kontrast ... kann der et net genee soen , misst et live gesin
Ah, eng Autosfoto dei och mol mei no Reklam ausgeseit, awer am positiven Senn, well dei kinnten een och bei Fiat als Desktopbild rooflueden…
Gudd geschafft, mee fier d'Sportlechkeet vum Punto flait bessen mei fierzehiewen, hätt ech d'Pneuen fier nach bessen no lenks rausgedreint… Wanns de den TV-Spot vum Golf GTI nach am Kapp huss, dat mecht ememr gudd…
Mee soss, geseit gudd aus, hun zwar selwer net sou matt DRI Erfahrungen…
I like it ! Schéinen Auto, schéin Ambiance, schéin Emgéigend...muss dem ApplEric recht ginn mam Pneu, dat hett dat ganzt nach en bessen méi sportlech gemaat