Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Alan Parsons Live Project

 
Alan Parsons Live Project
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.07.2008
  • Gekuckt:
    20205
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    1/50
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1334
  • Späicherplaz:
    569 KB
  • Originaldatum:
    07.07.2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=28385]
Kommentar vum Fotograf:
War en flotten Concert.

De rescht fann der hei: www.zipper85.wordpress.com ( do kommen der nach puer no.)
OK-Photography 08.07.2008 - 14:18
wow!!dei foto as (neewt dem Dan sengen hehehetongue) mat eng fun dene beschten wou ech bis lo gesin hun....net soufill weinst da Action (där as lo nik souuufill drop) mee weinst der KUALITEIT!!
se as immens scharf an huet herrlech Faarwen!!huesde mam Bletz geschaft (op Manuell) oder war et Mettes sou dassde na Sonn fun dobaussen matkruus?
opallefall gesait se gudd aus!
(waatfireen Objektiv haasde drop wansch froen dierf?closed_eye)
the_zipper 08.07.2008 - 14:21
Also weder Bletz nach Sonn, se ass em 10 vir 12 gemach ginn, ech hun se mamm 50mm f1,8 gemach. Merci awer vir den luef smile

An se ass net nogeschärft ginn am Photoshop.

Op der riesen Bühn konns de net vill mat Bletz ufenken smile
OK-Photography 08.07.2008 - 15:03
woah! sen och geint den Bletz an dem Musiker sengt Gesiit...as respektlos...;)

wierklech eng Top Leeschtung dann! bigsmile

@Dan: (mai Oli krit een L...LOOOL igal!cool) sen an bleifen treien Fan! AMEN ;ppp
hun den RuK iergendswei verpennt...hett do amfong o rouesch bis kukn kommen......cool
the_zipper 08.07.2008 - 15:10
Ech sinn keen Fan vum Bletz ebenfalls, leiwer dreien ech meng Iso nach rop an kreien rauschen wei dass ech d'Stemmung durch de Bletz versauen. smile
galileo 08.07.2008 - 15:30
Flott Foto !! De Kontrast an de Faarwen ass super gin - och de Moment fannen ech gudd geroden.

Allerdéngs kann een mam Blëtz och Fotoen machen, wou d'Stëmmung bléift - du duerfs natierlech nët am 'P' oder mat der Automatik blëtzen.

Mee hei war jo mol guer keen Blëtz neideg - d'war jo nach zimlech hell - bei ISO400, f4 an 1/50 smile)
Dan 08.07.2008 - 16:31
Richteg, mee ménger Meenung no gehéiert e Blëtz nët bei e Concert!
the_zipper 08.07.2008 - 16:53
Ech kann souweisou net automatesch bletzen, well ech en zimlech aalen Metz Bletz hun aus den ufanks 90er, deen nach wonnerprächteg fonktioneiert, ass just bessen gekniwels emmer bis een dei richteg astellung fonnt huet. Mee Bletz get nemmen am Noutfall benotzt smile
OK-Photography 08.07.2008 - 18:26
hehe joooh daat gefummels mam Metz kennen ech o...cool
zenter dass ech main Stativ hun benotzen ech amfong och kuasi keen Bletz mei (muss awa zougin dass ech amfong o greisstendeels onbewegtenes kni...fotografeiren!closed_eye)
Dan 08.07.2008 - 14:34
Jo déi do ass wierklech richteg gutt gin!
Flotte Moment erwëscht an och e flott Farwespill agefaang!
Gutt gemach!
Mat Blëtz häss de souwiesou déi ganz Atmospär futti gemach... ech sin an deenen allermeeschte Fäll komplett géngt Blëtzen op Concerten!

Merci Olli fier den Luew closed_eye
Ech mengen ech muss vum Knuedler hei keng vu méngen weisen well do hun ech nët vill aneschtes...
the_zipper 08.07.2008 - 15:15
Merci vir deen Luew smile
deendo 08.07.2008 - 14:44
Super qualitéit. Mais wat sin daat fir Bopen, mam Téi op der Bühn... pfff closed_eye))
Dan 08.07.2008 - 14:47
dann ier dech do elo mol nët... den Téi war fier de Sänger deen bei wäiten dee Jéngsten op der Bühn ass!
deendo 08.07.2008 - 15:03
Bis hien un den Tour koum war, war ech schon erëm heem. Et war e bëssen frësch an d'Jacket doheem *g*. Dann lossen mer daat nach duerchgoen. Esoulaang se nët och nach mat der Heizdecken optrieden ass alles am gréngen Beraich.
the_zipper 08.07.2008 - 15:14
Naja, also dei "Bopen" hun eng mega drop, well ech just sou erwähnen. An hier Musek ass net vir neischt sou mega bekannt an leeft ongebrach op all Radio nach op an of.
klex 08.07.2008 - 16:15
Also fir dat Musék am Radio leeft muss se na laang net gudd sin just fir dat mol hei ze soen smile naischt géint sie....
Dan 08.07.2008 - 16:30
Ganz genau!!!
the_zipper 08.07.2008 - 16:51
Ok ass richteg, soumols wou ech weider och keen radio lauschteren. Mee egal se sinn awer gudd hehe, wees dann lo keen Konterargument closed_eye
Dan 08.07.2008 - 17:35
Ganz genau! Den Alan Parsons ass eng legend an do gët et keng Diskussioun!!!
big-basti 08.07.2008 - 15:19
Gefällt mer smile ech hat der och mat mengen neien 50mm f1.8 gemaach an ouni blëtz smile
Kanns der meng jo ukucken (vleit hues de schon). An de rescht fenns de op menger Flickr Seit ( link um Profilclosed_eye)

mbG, Sebastian
elmuzo 08.07.2008 - 17:44
Aha Yann ... du woars also och do .. ech hun hannen missten d'Béierbuden riithaalen, soss wären déi nach e bemol emgetrollt ... iergendwou hun ech dach schons vum Ambiente vun denger Prise hei geschriwenbigsmile ... also deeen Moment hues de goldrichteg erwëscht.
CHEERS
MUZ
NikonD80 08.07.2008 - 20:27
staark....
the_zipper 08.07.2008 - 21:13
Merci merci, mengen souvill luew huet nach keng Foto vun mir hei kritt smile
Jean-Jos 08.07.2008 - 22:06
gefällt och mir s**gutt,
geniale Moment mat de Muséker hirer Gestik/Mimik, flott déi gréng Luuchten, déi Stëmmung machen,
an ech fannen...déi si nët nëmme Legend, mee och haut nach gutt closed_eye
Mojoo 08.07.2008 - 22:33
Ech fannen d'Foto flott. Flott, awer net kenschtlerësch schéin.

Den gréissten Deel vun den Concertsfotoën hei um Site sin der ewéi dëss. Se wéisen een flotten Moment, een Moment deen awer "nëmmen" duerch eng interessant Bühnenbeliichtung an/oder en passenden Ausdrock vum Kënschtler lierwt. Dat geet, menger Meenung noo, net duer.

Ech soën net dass ech et besser kann, ma dëss Foto ass fir mech eng Dokumentation vun engem Concert an keng kréativ Leeschtung. Sëcherlech ass d'Foto ënnert schwéieren Conditiounen entstaanen, du stoung matzen am Public, vielleicht Gedrécks vun lenks, riets, hannen an fier, etc. Ech hun mer elo dëss Foto erausgesicht fir meng Unsiicht ze verallgemengeren wat d'Concertsfotoën hei um Site ubelaangen.

Wanns ech zum Beispill d'Fotoën vum Thomas Nattermann (http://www.thomasnattermann.com) analyséieren, vereenen déi Kreatiounen allkéiers verschidden wichteg Faktoren, se haalen markant Momenter fest an sin einfach immens schéin. Schéin, net nëmmen wëll den Kënschtler selwer sëch flott présentéiert ma och doduercher dass den Fotograf den Kënschtler passend duerstellt!

Weigeschriwwen, bei deser Foto ass souwuel d'Bühnenbeliichtung wei och d'Kënschtlerausdréck an -positiounen flott, ma ech fannen et net "fair" doduercher ze soën dass du deng Aarbescht gudd gemaach hues wëlls de nëmmen een gudden Moment getraff hues. Et muss einfach méi sin wat esou Fotoen ausmëscht.
the_zipper 09.07.2008 - 03:38
An der rei, war mer dei Fotoen lo mol ukucken vun deem Concertfotograf. An muss soen mega Fotoen. Deen ass kloer op engem ganz aneren Niveau wei ech. Ech muss awer och soen dass ech eischtens nach net oft Concertfotoen gemach hun an zweetens warscheinlech eben enner ganz aneren Koniditiounen wei heen geschafft hun. An irgendwou ass Concertfotografie jo och eng Zort Dokumentatioun.
Mee ech akzepteiren deng Kritik wanns de et vun der Kenschtlerescher seit kucks. Dann ass et vielleicht net grad daat beschten wat et get kloer.
Dan 09.07.2008 - 07:31
@the_zipper
Den Mojoo haat daat elo alles éischter op mech bezunn an no enger Geléenheet gesicht fier mir daat dohin ze tesselen.
Schued fannen ech et dass en et dann grad bei dénger Foto mécht an nët bei enger vu méngen déi en domat mengt, mee sou ass daat eben...

Kloer mécht den Thomas excellent Fotoen!
Mee him stin och aner Mëttelen zur Verfügung wéi dir!

Ech ech bleiwen derbei dass dës Foto mer vun dir ganz gutt gefällt!
the_zipper 09.07.2008 - 13:03
Merci, du bass dach och am walfer fotoclub nee?
Dan 09.07.2008 - 13:39
Jo! Sin awer an der leschter Zäit nët oft op Versammlungen gewierscht...
Sorry och dass déi Diskussioun hei ënnert dénger Foto sech elo sou an d'Längt gezunn huet!
Ass jo eigentlech net de richtege Wee...
the_zipper 09.07.2008 - 13:52
Ass net sou well, ech fannen daat mol richteg witzeg, wei verschidden Leit hei sou mega alles globaliseieren, an waat dei sech kennen opreegen weinst enger Foto. Ech kann mat Kritik ganz gudd emgoen, an wei gesot ech akzepteieren dem Modjoo seng Sicht. Mee ech sinn awer och der Meenung dass et bessen mei wei nemmen een "Klick" war. Soit.

Jo mir haaten jo um Vollekslaaf zu Walfer zesummen fotoen een moment gemach beim Détongueart. Durno ware mer jo och nach beim Iserp wou mer jo engem hun missen enner d'ärm greiffen closed_eye
Mojoo 09.07.2008 - 14:03
Du sees du kéints mat Kritik ganz gudd emgoën mee fënns se dann awer "richteg witzëg"? Ech hun mech néierens obgereegt, ech hun dir nëmmen probéiert z'erklären firwat se mer net gefällt. Schued, einfach nëmmen schued dass een keng subjektiv Meenung mei hei kann äusseren déi den Auteur probéiert z'aktzeptéieren an ze verschtoën.
the_zipper 09.07.2008 - 14:05
Ech akzepteieren deng Kritik. Mee vir lo hei op dei diskussioun anzegoen, an d'Leit hei vun Photogen mat engem Profifotograf ze vergleichen ass bessen ze weit an mengen aan. Mee ech akzepteieren dass se der net Kenschtleresch genuch ass.
Mojoo 09.07.2008 - 13:11
Richteg, den Thomas ass ob engem aaneren Niveau. Ech wollt dëch och elo ënnert kengen Emstänn mat him vergläichen, dat wier net gerecht. Ech wollt der mat sengen Fotoën just wéisen wat méiglech ass. Sëcherlech huet hien méi, respektiv aaner Geleenheeten an vläicht och bessert Material wei's du, ma dat ass net ëmmer entscheedend.

Du hues natierlech och Recht wann's de sees dass Concertsfotografie eng Zort Dokumentatioun ass. Ma fir mëch gin et zwou Zorten vun Dokumentatiounen. Et kann een en Event dokumentéieren, nëmmen fir en ze dokumentéieren, dat heescht ouni wéider dropp anzegoën. Esou Fotoën sin flott fir engem Public an enger Serie ze wéisen. Et kann een en Moment awer och esou festhaalen andeems een méi wäit geet an en "verschafft", am Sënn vun kreativem Fiirgoën. Sëcherlech kann een deer Fotoën net en masse ob all Concert maachen, ma ech erwaarden mer hei um Site awer grad dei Fotoën wou den Fotograf mei ewéi nëmmen geknippst huet.

Ech hoffen du verschtees wat ech un der Foto auszesetzen hun. Ech fannen se jo schéin, awer nachengkeier: se ass schéin, nëmmen well d'Kënschtler sëch selwer gudd präsentéieren an d'Bühn eng gudd Kuliss duerstellt. Fir all dei Faktoren hues du awer ansëch näicht bäigedroën, hei ass, elo ganz béis gesoot, een "Klick" duergaangen. Fir mëch ass d'Fotografie, an grad och d'Concertsfotografie méi.

Huel et w.e.g net béis ob, vielleicht kucken ech et och ze streng.

@Dan: Eieie, wat hun ech dir dann gedoën? Ech muss dech korrigéieren, mäin Comment war sëcherlech net nëmmen ob dëch bezunn, soss hätt ech et bei eng vun dengen Fotoën geschriwwen. Du bass schliesslech net deen eenzegen deen Fotoën vun Concerten hei ob den Site lued.

Du hues Recht, den Thomas huet aaner Mëttelen, ma et kennt dach net ëmmer dorobber un!

Ech froën mech wéi's du dech kanns direkt esou perséinlech ugegraff fillen. Bon ok, mir sin hei ob photogen, dat ass näicht néits méi fir mëch, et hätt mech ansëch gewonnert wann näicht esou komm wier. Ma fir een deen seng Fotoën esou "gudd" vermarkt wéis du ass et sëcherlech schwéier z'aktzeptéieren wann emol een éierlech seet dass se guer net esou gudd sin wei een selwer vielleicht mengt. Du häss natierlech léiwer wann ech der eppes giff fiirmaachen an behaapten se wäeren super.

Soit, schued dass de mengs mech ze kennen.
Dan 09.07.2008 - 13:37
@ Mojoo
Wann däi Comment nët haaptsächlech op méng Fotoen bezunn ass dann hun ech deng lescht PM nët verstaan!
Fier dann awer direkt emol eppes kloer ze stellen bass du hei éischter deen deen am Gaang ass e bëssen perséinlech ze gin an mier ze ënnerstellen ech géif keng Kritik verdroen, an ech hätt just léiwer wann's du mier eppes géifs viermachen.

Ech hun absolut kee Problem domat wann engem méng Fotoen nët gutt gefaalen, an wann dee mier daat och seet. Fier mech perséinlech kënnt et awer ëmmer op d'Art a Weis un, an daat muss ech jo lo hei nët méi äusféierlech erklären; ech denken du wees waat ech mengen! Mee ech verdroen gaz sécher Kritik a stelle mech a méng Fotoen oft a Fro... nëmmen sou kann een evoluéiren!

Och wann méng Fotoen dir nët gefaalen an du därfs daat selbstverständlech soen.
Mee wann ech glifft verallgemenger dach nët direkt alles op eng relativ iwerhieflech Art a Weis.

Dass ech dem Thomas séng Fotoen bewonneren wees hien. Mee ech vergläiche mech nët mat him well all Foto déi e Fotograf mécht dréckt séng ganz perséinlech Art a Weis äus mat där hien eng Foto gesäit.
An ech fannen et wuel dass hei z.B. de zipper eng gutt Arbecht gemach huet.
Well du misst jo awer selwer wessen dass et nët duergeet ofzedrécken wann d'Luucht flott ass an de Muséker sech grad flott bewegt.

An dass ech mengen dech ze kennen stëmmt nët!
Ech kennen dech nët!
Et wir jo och utopesch ze behaapten een duerch en Internet Forum ze kennen!
Ech liesen mer just äus de Comments déi hei gepost gin e Mini-Deel vum Mojoo zesummen!

Vläicht läit et un der Art a Weis vun eis allen 2 dass mier hei nët wierklech gut mateneen äuskommen!
Näischt fier ongutt, mee am Moment läit mir näischt méi wäit ewech wéi onnéideg Diskussiounen an Fishing for Compliments!
Fazit: Wann dir méng Fotoen nët gefaalen! Gutt! Akzeptéiren ech an domat kann ech och liewen!


CANON 09.07.2008 - 13:31
Die Foto muss gut sinn ,well ech hunn se bei RTL.LU gesinn , an dei huelen jo nettegell waat....an op der 1 Seitt

Bravo

CANON
the_zipper 09.07.2008 - 13:56
Majo, RTL huet se och interessant fonnt an gewollt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 325 Gäscht online