Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

M ein M aimonides Avatar

 
M ein  M aimonides Avatar
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.07.2008
  • Gekuckt:
    24405
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1339
  • Späicherplaz:
    624 KB
  • Originaldatum:
    2007:08:30 13:32:58
  • Fotoapparat:
    DSLR-A100
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=28346]
Kommentar vum Fotograf:
ënnert dem Louvre-Tuileries.
Glungenerweis fehlt dem Dan BROWN seng nët ëmgedréinte Pyramid !
gloda 06.07.2008 - 23:19
Wéi, do as dach nach eng normal Pyramid drënner?
Maimonides 06.07.2008 - 23:34
Stemmt. Normalerweis. Mais deemols net.
gloda 07.07.2008 - 10:19
?! Op der Foto as dach eng kleng Pyramid ënnert der grousser ëmgedréinter?
Maimonides 07.07.2008 - 21:00
Du hues Recht, mais a mengem Alter soll een méi oft wi ee mengt de Brëll oof doën, fir besser ze gesin. Sorry.
NikonD80 07.07.2008 - 21:40
oder viellaicht botzen.........
suraki 07.11.2010 - 16:49
an ech hat geduecht ech hät se all vun dir gesinn,
muss déi Deeg Tomaten op den Ae gehat hunn !
en Topbild Charel !!!
Maimonides 07.11.2010 - 17:08
Merci, Ed.

Lenks a riets geschnidden
gesait een dann 1 "M",
...fir Maimonides.
Duerfir mein Avatar...
suraki 07.11.2010 - 17:46
iergendwéi wousst ech dach dat dëst Bild eppes besonnesches ass closed_eye
Quaffit 19.02.2011 - 18:17
Schéin, wirklech ganz schéin.... just waat heescht Däin Nick da lo? Do klemmt meng Fantasie fir mir do eppes zesummen ze reimen waat Sënn ergëtt - also bréng mol e bëssen Luucht a meng nach onerhellten Gehierwindungen w.e.g.. closed_eye
Maimonides 20.02.2011 - 00:34
Googel mol "Maimonides".

Deen hat mat mengem Beruff ze dinn,
awer net nëmmen.
Dat war e Mënsch deen
tëschent de Kulturen
Mënsch bliwwen ass.
A keen kennt e méi.
Quaffit 20.02.2011 - 20:23
Merci - lo sin ech alt rem méi schlau! Ech haat nach nie eppes vun dem Mensch héiern, awer ech muss och éierlech zougin dass ech esou anti-reliés sin dass ech irgendwann ugefang hun alles waat domat zedin huet zimlech lénks leien ze loosen well et zielt dach alles schlussendlech emmer erem an déiselwecht Richtung vun Haass, Kontroll an Vernichtung vun denen déi aneschters sin, an daat och nach an eiser moderner Zäit.
Waat bast Du da lo, wann dee gudden Maimonides eppes mat Dengem Job zedin huet? Priester - Philosoph - Dokter - oder Astronom closed_eye?
Maimonides 20.02.2011 - 22:37
Ech gesinn du hues gegoogelt.
closed_eye

Lies och mol hei:
(Foto vum gtaddei)

Dio รจ morto
Quaffit 20.02.2011 - 23:57
Hmmm.... eng super schéin gemaate Foto an eng gudd Diskussioun doriwer...jo.... just vill méi schlau waat Dech ugeet, sin ech nach net domadder gin. Ech hun awer d'Gefill dass mir zimlech d'selwecht iwert Reliounen denken. Waat mir un dem Site hei jiderfalls super gefällt as dass déi präsentéiert Fotoen och zum Nodenken bréngen an Diskussiounen provozéieren woubäi et net onbedéngt nemmen emt daat Technescht geet, sondern och emt Emotiounen an d'Geschicht hannert enger Foto.
Maimonides 22.02.2011 - 19:37
Dat Technescht, Quaffit,
muss awer och sinn,
mais an där Matière
sinn ech e Banaus,
oder bal.
D' "Emotiounen an d'Geschicht",
wéi's du sees, gehéieren och derzou.
Do sinn mir eis Eens:
de Mix mëscht et.
Quaffit 22.02.2011 - 19:52
Ooooch...wiesou Banaus? Et kann een emmer léieren, virausgesaat et as een och bereed dozou. Fir mech gëlt "life long learnig" well d'ganzt Liewen as eng Schoul. Mir wëllen eis dach weiderentwéckelen, oder nët?
Maimonides 22.02.2011 - 19:58
"bal 1 Banaus".
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 560 Gäscht online