Also wann et en crop ass hues de jo bestemmt nach un den Bord'en genuch iwwreg fir se mol riicht ze dréihnen an duerno ze crop'en. Se kippt am Moment nämlech zimlech vill, an et wierkt als ob se doduerch Bierof fueren géifen (waat natirlech bei enger Arrivée nët erlaabt ass(!))
Ech hun elo mol mat denger Photo am PS probéiert. Versich se mol 8,63° géint d'Auer ze dréihen, an duerno eréischt ze crop'en. Dofir wiels de am PS bei der Pipett den "Outil mesure"(en klengen Lineal), sichs der eng vertikal linn am bild (ech hun mer d'Scheld wat den Zebrastraif uweist geholl), zitts eng linn dolaanscht, duerno wiels de "Image" -> "Rotation de la zone de travail" -> "Paramétrée" an do gess de dann d'Valeur an.
Ech géif soen dass ët manner opfaalen géif wann am Hannergrond nët daat blot Schëld stoen géif. Jidwerfalls wees all Mënsch dass déi Schëlder riicht stin (ausser eben dass een dra gerannt ass).