beiss ennerbeliicht...mee ouni daat wier et nik daat gin waat et lo as.....scheenial! =D
bsonnech dWandrad just do am spotlight gefellt mer....scheinen Detail...
Super!
En wonnerbaren Moment agefaang, einfach herrlech, wei all deng Fotoen.
Mechs de dei op der Plaatz direkt sou an dienen extra Faarwen a Stemmungen duerch Beliichtungszait a Blend oder verschaffs de se am Photoshop all, bis se dann sou genial ausgesin?
All Respekt, egal wei!
Mess de dann matt denger D40 RAW-Fotoen, deis de dann sou verschaffs, oder ganz normal mam .jpg?
Kinnt mer gudd firstellen datt dat am RAW relativ gudd giff goen, och wann een am Photoshop, fier sou e Resultat ze kreien, wahrscheinlech nach vill kleng Handgreffer maachen muss.
Jo, seit 2 Méint maachen ech nemmen nach RAW-Fotoen, et huet einfach vill méi Firdeeler.
Bei deser Foto hat ech mer am Fong firgeholl en HDR ze man mee ech sin do nach an der Experimentéierphase an daat ass net sou gin wéi ech et wollt Dofir hun ech den Himmel vun enger aanerer ennerbeliichter Foto mam Verlaaftool op d'Foto gepaackt.
Dowéinst huet den Himmel kuerz iwert dem Horizont sou en Blo-stach, haat mer do net genug Méih gin. Ech hun mech gewonnert dass keen doriwer gemeckert huet :-P
Well dee Blostach in natura eng ganz normal farwléch Schattéierung kéint si, wéi se ebe bei Sou Wiedersituatioune viirkommen. Dofir huet kee gemeckert. Et gesäit einfach dramatesch aus, a wann een di läscht Deeg e bessen opmiersam séch den Himmel ugekuckt huet, da konnt een effektiv alt mol sou Liichtsituatioune wi hei fannen.
An nach! Dat as gudd, datts du mat RAW schaffs. Da kanns du déng Fotoen nach vill besser verschafft kréien.
Jo, ech meisst och mol matt RAW rem ufänken, mee ech dann senn meng Harddisken nach mei seier voll… En plus meisst ech se nach eng Keier all an den .DNG emwandlen, fier mam Photoshop eierbaar kennen dermatt ze schaffen.
Mee fier Landschaftsfotoen ass RAW einfach ideal!