Merci . kannste ma net erklähren wat dech genau un de feiler gesteiert huet ? kann et sin dassen se bild bessen erdreckt hun an bessen kanneresch riwwerkoum ? wier fein !
Ech fannen déi Feiler e bessi zevill dominant, an ech perséinlech fannen et och besser wann eng Foto dat ausdreckt wat se soll ohni esou zousäts, an ech fannen dat as der jo hei gudd gelongen.
hm, mia gefällt d foto och besser ouni feiler, fannen et awer trtzodem gudd dat d feiler am contest an der foto waren, huet nemlech gudd gepasst an deng iddé nach engkeier ennerstrach.
Mee eng ganz aner fro: Dat um baam bas dach du, wei hues du dat gemat fir sou seier op deen baam ze kommen? Huelen jo un dat se mam selbstauslöser gehol gin as...?
Majio ech hat am ufang wollen Feiler aus pebeier un deen Baam henken haat da eng ganz partie erausgeschnidden an opgehangen mee dat huet een fun der seit wou foto gehohl gin ass net gesin an foto fun der anerer seit war guer net sou schein an herno sin feiler angescannt gin well een net erkannt huet emweat et geng goen (se hun gemengt geng liersen ! )
Ma dat mam baam war kehn selbstaulöse dat war esou also vue que dat do den droht an da mett wuar wuar et net sou einfach sou sou ennerhalb fun 10 sekonnen iwwert den Droht an op den Baam ze klammen den Lex war bei mir an huet mir gehollef meng iddi an hien huet se emgesaht am unfang wollten mir dat maen dat den apparat all 5 Sekonnen eng Foto mecht mee dat wier vill ze komplizeiert gin wellch emmer rem hett missten eriwwer goen sprangen klamen wat och emmer ! an an dem Bierg war dat och alles net esou einfach
Merci awer fir deng kritik !
Fenns du dat lo schlemm an onfair dat mir dat esou gemacht hun ?
hrhr, d'idée mat den feiler erausschneiden war jo wirklech gudd, schued dat daat naicht gin as...
Bon, op ech dat elo schlemm oder onfair fannen...?
Wann een unfänkt mat fotoen man, as et natirlech emmer gudd wann een een huet deen engem en bessi helleft, d technik erklärt an engem saachen weisst, dat war bei mir och net aneschters, mia huet mein brudder och allseicht emol missen weisen wei een rummen am photoshop mecht asw. (:
ech sin awer eierlech gesoot der meenung, dat, vu que dat et en contest war, et wirklech mei fair gewircht wir wann net du, mee en anren um barm gesiess hät, an dats du d foto gemat häs.
Dann wir se flait net grad sou gudd gin, mee ech mengen et verlangt jo och keen dat se muss perfekt sin? Du hues jo reicht firun kurzem ugefang mat fotographeiren, dass normal dats du reicht mat der zeit beileiers an deng fotoen mat der zeit besser gin... menger meenung no leiert een mei bei, wann een seng gudd idée selwer pobeiert emzesetzen wei dat en anren dat fir een mecht?
Hues eng gudd Plaatz do rausgesicht fir se ze maan, hues jo awer na e passnde Bam fonnt...
Gin dem Lala räscht mat de Feiler...an dann haasde o na tatsächlech Internet douewen
Ma gefällt den Iddi sws ganz gudd an dann na di summerlesch Stemmung an du mat drop, do kann se just gudd gin <3
genialen baam daat doten. Giff dech jo elo gaern froen wou deen ass ...mais daat ass warscheinlech secret prof. ( xD awer wannste et mer wells soen waer ech awer net béis xD
Deng photo gefaellt mir perseinech op anhieb. sie ass anstaenneg cadréirt, d'faarwgebung ass optimal op dein sujet ausgeriicht an dein thema kennt gudd eriwer.
ech fannen d iddi usech ganz gudd, mee mech steiert dat ganz gedengels ennen. dh d stroos an hannen nach di haiser oder gebaier. an di poteauen. d meedchen um baam geet vir mech verluer am bild. an dobei huet hatt di perfekt pose an d konzept as genial. hm.
... ech fannen et grad wéinst der stross, den haiser an den gebaier an esou guer den poteaux gudd .. dass dach grad daat waat daat konzept ausmecht... waat den contrast natur ICT's ausmecht ...