nach eng Foto vun Diddleng...
Den Shantideva huet eng ähnlech ropgelueden... vu que dat ech leider (nach ;-) ) kee fisheye hun ass dei heiten bessi mei enk kadreiert...
ech soe mettlerweil puermol "Vuq's ech leider nach.." mee vuqs dass mer souwisou all kee lëtzebuergesch schreiwe kënnen .... et huet ee schnell emol e fehler geschriwwen
@spako: an deem deel zu diddl'éng lafen awer nach aarbechter duerch 't géigend, oder?
Ech schreiwen an schwetze wei mer de schniewel gewuess ass, a bei eis heescht et eben vue que dat ;-) ass dann vlait ee letzebuergismuss oder sou ;-)
also do wou mir do waren huet et aawer definitv verlooss ausgesin.. ka sin dat an de Gebaier rondrem nach geschafft get, do haate mer nach keng Zait hinzegoen aawer mer huelen daat no da kann ech der mei soen
@WhiteRabbit : jo dei hun ech nach verschafft, wei baal all meng Fotoen
let go? Léiwer net, daat gief bestemmt een Spidolsopenthalt gin wann en do gief eroof faalen...
Hei hues du awer erem alles getoppt. Ech fannen se herrlech!
Enorm! De Personnage am Géigeliicht get der Foto en Thema. Dat ass ganz erfreschend teschent all deenen gäilen industrial Fotoen hei um Site bei deenen irgendwéi awer déi menschlech Komponent dachs ze kuerz kennt.
Eben méi wéi just de photografësche Constat vun enger Industriebraach, woubai een awer och muss soën, datt déi mënschlëch Absence an dene Biller och de Reitz dovunner ausmëscht. Et mëscht een sëch automatësch Gedanken doriwer "wee waren déi Mënschen déi hei geschafft oder geliewt hunn",
"Waat ass aus hinne ginn".
Waat bleiwt ass de batteren Nogeschmaach vun eiser Vergänglëchkeet, an dem nët ëmmer iwerzeegenden Recht dé bleiwt, an den dovun zeit, datt ët eis eng Kéier ginn ass.
Ech kann mech hei just uschléissen!
Gefällt mer enorm gutt!
Ech sin frou dass du an de Shatideva eis ëmmer nees sou super Fotoen vun all deenen Plaatzen weist.
Dier bréngt et einfach ëmmer nees färdeg genial Fotoen vun deenen Gebaier an Raim ze machen!
Grousst Kompliment!!!