Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

let go

 
let go
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.04.2008
  • Gekuckt:
    31688
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    900x600
  • Späicherplaz:
    220 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=26350]
Kommentar vum Fotograf:
nach eng Foto vun Diddleng...
Den Shantideva huet eng ähnlech ropgelueden... vu que dat ech leider (nach ;-) ) kee fisheye hun ass dei heiten bessi mei enk kadreiert...
WhiteRabbit 16.04.2008 - 21:26
ech fannen se immmmmens gäil =D ...haas de do nach eppes verschafft?
ah jo an et heescht net "vu que dat" =P (as iergendswei eng letz. krankheetcool)
MarcGerard 16.04.2008 - 21:32

du bass mer een bigsmile

ech soe mettlerweil puermol "Vuq's ech leider nach.." mee vuqs dass mer souwisou all kee lëtzebuergesch schreiwe kënnen .... et huet ee schnell emol e fehler geschriwwen bigsmile

@spako: an deem deel zu diddl'éng lafen awer nach aarbechter duerch 't géigend, oder? bigsmile
spako 16.04.2008 - 21:36
Ech schreiwen an schwetze wei mer de schniewel gewuess ass, a bei eis heescht et eben vue que dat ;-) ass dann vlait ee letzebuergismuss oder sou ;-)

also do wou mir do waren huet et aawer definitv verlooss ausgesin.. ka sin dat an de Gebaier rondrem nach geschafft get, do haate mer nach keng Zait hinzegoen aawer mer huelen daat no smile da kann ech der mei soen smile

@WhiteRabbit : jo dei hun ech nach verschafft, wei baal all meng Fotoen smile
Shantideva 16.04.2008 - 22:11
let go? Léiwer net, daat gief bestemmt een Spidolsopenthalt gin wann en do gief eroof faalen... tongue
Hei hues du awer erem alles getoppt. Ech fannen se herrlech!

(ps: kuck 'mol deng Mailer)... smile
spako 16.04.2008 - 22:16
closed_eye allerdengs.. an ech si jo sou eng Mimi wann et heisch erop geet closed_eye
krautheim 16.04.2008 - 21:27
Enorm! De Personnage am Géigeliicht get der Foto en Thema. Dat ass ganz erfreschend teschent all deenen gäilen industrial Fotoen hei um Site bei deenen irgendwéi awer déi menschlech Komponent dachs ze kuerz kennt.
No_Saint 16.04.2008 - 22:46
Eben méi wéi just de photografësche Constat vun enger Industriebraach, woubai een awer och muss soën, datt déi mënschlëch Absence an dene Biller och de Reitz dovunner ausmëscht. Et mëscht een sëch automatësch Gedanken doriwer "wee waren déi Mënschen déi hei geschafft oder geliewt hunn",
"Waat ass aus hinne ginn".
Waat bleiwt ass de batteren Nogeschmaach vun eiser Vergänglëchkeet, an dem nët ëmmer iwerzeegenden Recht dé bleiwt, an den dovun zeit, datt ët eis eng Kéier ginn ass.
Dan 17.04.2008 - 09:33
Ech kann mech hei just uschléissen!
Gefällt mer enorm gutt!
Ech sin frou dass du an de Shatideva eis ëmmer nees sou super Fotoen vun all deenen Plaatzen weist.
Dier bréngt et einfach ëmmer nees färdeg genial Fotoen vun deenen Gebaier an Raim ze machen!
Grousst Kompliment!!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 401 Gäscht online