Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

glamour

 
glamour
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.02.2008
  • Gekuckt:
    16383
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    465x700
  • Späicherplaz:
    43 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=24944]
Kommentar vum Fotograf:
Hei as daat selwescht gefroot?! Waat keint ech besser man?
Jefferson 06.02.2008 - 19:24
Mmh
Bon also ech fannen dass se am groussen ganzen net richteg scharf ass oder op jiddefall keinten Aan mei scharf sin
Cadrage fannen ech net sou gudd leit warscheinlech och un der pose ausserdeem ass sein rietzen Arm guer net scharf daat geseit och e bessen lousch aus, enweder alles scharf oder mei am Bild wou verschwommen

Wer mol Interessant deng EXIF-Datei e gesin?

Beliichtung wees ech net sou richten geseit e bessen sou aus wei wanns de dem Meedschen voll an Gesiit gebletzt hess, mee ass och net sou easy smile

An dann hues de fleit nach en Tick zevil un der haut geschafft firunallem am Gesiit (menger meenung zevill Weichzeichner)

mmh alson wan ech daat hei nach eng keier sou liesen klengt daat e bessen Krass iegentwei no zevill Kritik an engem Komment smile mee bon fleit helleft et der jo




LaaChkiChelChen 06.02.2008 - 19:34
et as zwar vill beieneen, mais et stemmt. Wann ech lo kuken waats du sees an kuken op et stemmt, gesin ech dasste Recht hues, waat mer irgentwei zwar net sou opfällt, vlait einfach well ech se well ze oft gesin hun closed_eye an verschiddenes einfach well direkt guer net sou raussteiss, well ech meng Schwester eigentlech all daag gesin.

Mais sin frou mol endlech anständeg kritik zu menger Foto ze kreien, wou ech eppes mat ufänken kann. bein just mam gesiicht, do as et fir mech zwar an der reih, mais denken daat as emmer usiichtsaach. Hat as keng porcelanspopp awer och keen pickelgesiicht lo mol krass ausgedreckt smile

Daat mat der Schärft op dem engen Aarm an Koll an dem aaneren war mer och mol net sou bewosst, du hues mech lo reicht drop gestouss! Merci dir!

mjo
blend: f 5.6
beliichtungszeit: 1/125 sec
brennweit: 55mm
iso: 200
Jefferson 06.02.2008 - 19:44
Ma ech sin frou wann ech der hellefe konnt smile

Jo an daat mam Gesiit hues de recht jidderen Geseit alles e bessen aanescht.

Majo mee ech haat dat och schon dass ech wei lang un enger fto geschafft hun an herno dei banalsten feeler nemmei gesin. Am beschten et schleift een eng nuet driwer an kuckt se sech deen dach dono nach eng keier un

an merci fier exif-datei
Kwitchibo 06.02.2008 - 19:51
PG ROCKS smile
LaaChkiChelChen 06.02.2008 - 20:02
jo stemmt Jefferson

@Marc yeahh dein Kommentar helleft mer lo mega vill bigsmile
Kwitchibo 06.02.2008 - 21:15
den JEFF huet alles gesootsmile
CANON 06.02.2008 - 22:30
Also an ech fannen se gut, Schärft lät op den Oueren...daat ass nett falsch , et muss en Prioriteiten setzen , an die leien eben do.....seng Aen sinn och nach OK , wann een Porträt vun der Nuess biss zu den Ouren scharf muss sinn....daat ass och erem nett wouer....et ginn Fotoen die extraa mat soft Filteren gemach ginn vier nett zeviell schärft an Bild ze kreien....Kichi mir gefält se.....an seng Aen sinn esou guer supper gut ....kuck se emol 2 Minutten.....daat schwetzt geschwenn matt dir...
CANON
LaaChkiChelChen 06.02.2008 - 23:27
Merci fir deng Meenung Canon! Mais wann ech se lo awer kuken dann kent mer et awer bossech fir wann ech gesin dass dei eng Seit vun der Blouse scharf as an dei aaner net. Lol et wär jo eng schein Ouerrengsreklamm well d'schärft drop leit bigsmile un sengen aan hun ech och nach bessen geschafft.

Kuken mer se muer nom schaffen nach een mol un, kuken wei sech meng usiicht geännert huet. smile
CANON 07.02.2008 - 10:54
ZB een Bijoutier , deen wie frou wann schärft op den Ouren wär , wie hei....
LaaChkiChelChen 07.02.2008 - 17:57
Majo eben smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 450 Gäscht online